Kevin Malget
lëtzebuergesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Kevin Malget, gebuer de 15. Juli 1991 zu Wolz, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Hien ass de Jong vum Théo Malget.
Hie spillt zanter der Saison 2011/12 fir den F91 Diddeleng a fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp.[2] Hien huet vun 2005 bis 2011 beim Alemannia Oochen gespillt, wou e Kapitän vun der U-19-Ekipp war an huet do reegelméisseg mat der éischter Ekipp trainéiert.
Nodeem hie säi Kontrakt net verlängert krut, ware verschidden däitsch Ekippen un him intresséiert, ënner anerem d'Kickers Offenbach an de VfL Bochum. Schlussendlech huet hien e Kontrakt bis 2014 mam F91 ënnerschriwwen.
Remove ads
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads