Kirby

From Wikipedia, the free encyclopedia

Kirby
Remove ads

De Kirby (Japanesch: カービィ Kābi) ass e Videospillcharakter vun Nintendo. Seng Spiller goufe vun HAL Laboratories gemaach.

Séier Fakten Createur, Ass en(g) ...

Hie gläicht engem Ball an en huet déi besonnesch Fäegkeet seng Géigner eranzesuckelen an dann hir Fäegkeeten ze kopéieren. Wann hie kräfteg no Loft schnaapt, kann e fléien. Hie lieft an "Dream Land" um Planéit "Popstar", dee vum selwerernannte Kinnek "Dedede" regéiert gëtt. Säi Rival ass de béisen "Nightmare", deen a senger Fabrick Dausende vu Monstere produzéiert. De Kirby huet e "Warp-Stär", mat deem hien iwwerall hi fléie kann.

Remove ads

Geschicht

De Kirby ass vum Masahiro Sakurai erfonnt ginn. Eigentlech war hien am Ufank nëmmen e Ramplassang, awer d'Entwéckler haten hie sou gär datt en dach bliwwen ass. Deemools huet e nach "Popopo" geheescht, en ass awer ëmbenannt ginn, an zwar Kirby. Sträit haten de Masahiro Sakurai an den Shigeru Myamoto (Erfinder vu Mario) wéinst der Faarf vum Kirby: De Masahiro Sakurai wollt rosa, de Shigeru Myamoto awer léiwer giel. Zum Schluss huet sech rosa duerchgesat.

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads