Klimaschutz

From Wikipedia, the free encyclopedia

Klimaschutz
Remove ads

Klimaschutz nennt een d'Aktiounen, deenen hiert Zil et ass, den Impakt vum Klimawandel, respektiv der globaler Erwäermung, ze limitéieren. Si betreffen haaptsächlech d'Reduktioun vun den Emissioune vun den Zäregaser déi vun de Mënsche provozéiert ginn. Eng aner Méiglechkeet ass et, de Kuelestoffdioxid (CO2) aus der Atmosphär vun der Äerd an engem Reservoir ze fixéieren (zum Beispill duerch d'Planze vun neie Bëscher).

Thumb
Den Ausbau vum ëffentlechen Transport (hei e Bus) gehéiert zu de Klimaschutzmesuren

Zum Klimaschutz kann een och d'Mesuren zielen, déi geholl gi fir d'Mënschheet un de Klimawandel unzepassen, dorënner d'Konstruktioun vun Däicher an d'Preventioun an d'Preparatioun op Ëmweltkatastrophen.

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads