Klimazon
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Et gëtt fënnef verschidde Klimazonen op der Äerd: déi polar, déi fiicht-kill, déi fiicht-waarm, déi tropesch an déi dréche Klimazon.
Si hunn all ganz ënnerschiddlech klimatesch Bedéngungen, duerch kal a waarm Mieresstréim, global Wandsystemer, de Relief vun der Äerduewerfläch an doduerch datt d'Äerdachs an engem Wénkel vun 23,5 Grad vis-à-vis vun der Ekliptik steet, an déi doduerch ënnerschiddlech staark Sonnestralung.
De polare Klima gëtt et an de Polarregiounen an op den Héichte vum Himalaya, an an den Anden. Fiicht-kille Klima gëtt et an den nërdleche Gebidder vun Amerika, Asien an Europa. A West- a Südeuropa fënnt ee e fiicht-waarme Klima. Typesch fir Südamerika, Afrika an Asien ass den tropesche Klima. Dréchene Klima fënnt een an de Wüstegebidder an a ganz dréchene Biergregiounen.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads