Koordinatesystem

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Fir sech op enger Landkaart erëmzefannen, gi bei der Hierstellung vun de Kaarten déi geographesch Koordinaten (Längen- a Breedegraden) an e kartesescht Koordinatesystem ëmgewandelt.

Dat kartesescht Koordinatesystem ass bal ëmmer sou opgebaut, datt d'X-Achs vu Westen no Osten (also vu lénks no riets op der Kaart) an d'Y-Achs vu Süden no Norden (also vun ënnen no uewen op der Kaart) geet.

Et gëtt iwwer 200 verschidde Koordinatesystemer an net zulescht mat dem Opkomme vun den Navigatiounssystemer op Basis vu GPS hunn déi verschidde Koordinatesystemer och bei der ziviller Populatioun u Wichtegkeet gewonnen.

D'Militär benotzt quasi exklusiv den UTM-Koordinatesystem, deen um UTM-Projektiounsmodell baséiert.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Coordinate systems – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads