Kosmesch Vitess
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Als kosmesch Vitess bezeechent een d'Mindestvitess, déi ee ballistescht Geschoss – ouni Beuechtung vum Loftwiderstand – bräicht, fir no dem Ofschoss ouni weider Beschleunigungsmanöveren aus dem Gravitatiounsfeld vun engem kosmesche Kierper ewechzekommen.
![]() |
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
No der Äerd, der Sonn oder der Mëllechstrooss (Galaxis) berechent ee véier Vitessen. Si si keng Naturkonstanten, a gi fir all Gravitatiounsfeld sonner berechent. Am Wesentlechen hu si theoreetesch Bedeitung; an der Raumfaart sinn dacks däitlech méi kleng Vitessen néideg, well Raumgefierer a Raumsonden en eegenen Undriff hunn oder duerch Swing-by-Manövere bei grousse Planéiten zousätzlech méi Vitess kréien.
Vill observéiert kosmesch Kierpere wéi Asteroiden an aner Stären a Bezuch zum Mëllechstroossekär asw. hu Vitessen, déi enger vun deene véier kosmesche Vitessen zimmlech no kommen. Dat si statistesch Wäerter. Kierpere mat anere Vitessen entzéie sech den erhoffte Bunnen a sou der Observatioun. Eng Gesetzméissegkeet, no där kosmesch Kierperen dozou tendéieren, bevirzucht bestëmmt Vitessstufen anzehuelen, gëtt ausgeschloss.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads