Kropywnyzkyj
Stad an der Ukrain From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Kropywnyzkyj (uk: Кропивницький) ass eng Stad an den administrativen Zentrum vun der Oblast Kirowograd an der Ukrain. S'ass de geographeschen Zentrum vum Land. Zesumme mat der Stad Znamyanka bilt s'eng urban Agglomeratioun. D'Stad huet 219.676 Awunner (Stand 1. Januar 2022)[1].

Remove ads
Geschicht
Vum 16. bis an d'18. Joerhonnert hunn dës Lännereien den ukrainesche Kosacke gehéiert, an hir Siidlunge waren um Territoire vun der haiteger Stad. Méi spéit sinn doraus Stadbezierker ginn. D'Geschicht vun der Stad huet am Joer 1754 ugefaangen, wéi de Fort Helleg Elisabeth gebaut gouf. Am Joer 1775 ass eng russesch Arméi vun 100.000 Mann vun hei fortgaangen an huet déi ukrainesch Kosackefestung Sitsch zerstéiert, wat als eng grouss national Tragedie ugesi gëtt. Am Joer 1784 krut d'Festung d'Stadrechter a gouf d'Stad Jelizavetgrad, an all hir Kanoune goufen an d'Festung Cherson bruecht, sou datt nëmmen zwou Kanounen als Monumenter am historeschen Zentrum vun der Stad bliwwe sinn. Den éischten ukrainesche professionellen Theater gouf hei am Joer 1882 gegrënnt. Wat d'Architektur vun der Stad ugeet, sou gëtt et vill neoklassizistesch Ierfschaften [2] [3] [4],[5].
Wärend dem Holodomor sinn d'Läiche vun deenen, déi un Honger gestuerwe sinn, an d'Läiche vun deenen, déi un der Repressioun gestuerwe sinn, a Massegriewer am Fort Helleg Elisabeth begruewe ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fort Helleg Elisabeth.
1939 gouf d'Oblast Kirowohrad gegrënnt an d'Stad gouf zum regionale Zentrum[6].
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Kropywnyzkyj – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- Тереножкін О. І. Розвідки і розкопки 1949 р. в північній частині Кіровоградської області // Археологія. — 1952. — Т.VII. — С.110-135
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
