Andeelung vum Lëtzebuerger Land From Wikipedia, the free encyclopedia
Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen ass en Deel vun de Referenztabellen.
D'Kantone sinn eng Kreatioun vun der franséischer revolutionärer Herrschaft. Duerch e Beschloss vum 31. August 1795 si 37 Kantonen entstanen, dovun der 24 op d'mannst deelweis um haitege Staatsgebitt. Den 11. September 1795 koum awer schonn eng Reduktioun op 27 Kantonen, dovun der 12 op deem haitege Staatsterritoire. Den 22. Oktober 1796 an de 6. Mäerz 1802 koume weider Ännerungen, déi dunn awer scho relativ no bei deenen haitege louchen. No 1839 hunn déi zu Lëtzebuerg geschloe Gemenge vum Kanton Arel mat deene vum Kanton Käerjeng zum Kanton Capellen fusionéiert, de Kanton Beetebuerg gouf mat Deeler vum Kanton Messancy mä ouns d'Gemeng Dippech zum Kanton Esch-Uelzecht, de Kanton vu Rued respektiv Betzder gouf vum Kanton Gréiwemaacher absorbéiert, an aus dem Kanton Osper gouf de Kanton Réiden[1].
Vun 1857 bis 1867 hunn d'Kantone Miersch a Réiden zum Distrikt Miersch gehéiert, deen 1867 ofgeschaaft gouf[2],[3].
Duerch d'Gemengefusioune kënnen d'Kantonsgrenzen änneren. Dat war de Fall, wéi d'Gemenge Baastenduerf a Fouhren zur neier Gemeng Tandel[4] fusionéiert hunn: de Kanton Veianen ass e wéineg méi grouss ginn, an de Kanton Dikrech e wéineg méi kleng.
Hautdesdaags huet d'Andeelung vum Land a Kantone keng administrativ Funktioun méi. Et gëtt weeder Kantonaladministratiounen, nach Kantonalparlamenter oder Kantonalgeriichter. Just d'Stroossebauverwaltung huet an all Kanton eng Néierloossung, an den Enregistrement huet bis op Veianen iwwerall e Büro.
Dat war awer net ëmmer sou. Vum 11. September 1795 bis zum Akraafttriede vum Gesetz vum 12. Abrëll 1972[5] war all Kanton de Kompetenzberäich vun engem Friddensgeriicht. Donieft gouf et nach Milizkantonen, déi zanter dem 25. Juli 1846 mat de Justizkantonen iwwereneegestëmmt hunn[6], an déi an hirem Chef-lieu d'Louszéien an d'Musterung vun de Milizionären z'organiséieren haten.
LAU1-Code | Numm | Haaptuertschaft | Walbezierk | Geriichtsbezierk | Awunner[7] | Fläch a km²[7] | Densité[7] Aw. pro km² |
Gemengen |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
LU-01 | Capellen | Capellen | Walbezierk Süden | Lëtzebuerg | 52.828 | 199,21 | 265.19 | 9 |
LU-02 | Esch-Uelzecht | Esch-Uelzecht | Walbezierk Süden | Lëtzebuerg | 189.540 | 242,77 | 780.74 | 14 |
LU-03 | Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | Walbezierk Zentrum | Lëtzebuerg | 204.358 | 238,46 | 856.99 | 11 |
LU-04 | Miersch | Miersch | Walbezierk Zentrum | Lëtzebuerg | 35.579 | 223,90 | 158.91 | 10 |
LU-05 | Klierf | Klierf | Walbezierk Norden | Dikrech | 20.687 | 342,17 | 60.46 | 5 |
LU-06 | Dikrech | Dikrech | Walbezierk Norden | Dikrech | 35.150 | 204,51 | 171.87 | 10 |
LU-07 | Réiden | Réiden op der Atert | Walbezierk Norden | Dikrech | 20.874 | 267,49 | 78.04 | 10 |
LU-08 | Wolz | Wolz | Walbezierk Norden | Dikrech | 19.209 | 264,55 | 72.61 | 7 |
LU-09 | Veianen | Veianen | Walbezierk Norden | Dikrech | 5.594 | 78.52 | 71.24 | 3 |
LU-10 | Iechternach | Iechternach | Walbezierk Osten | Dikrech | 20.280 | 185,54 | 109.30 | 7 |
LU-11 | Gréiwemaacher | Gréiwemaacher | Walbezierk Osten | Lëtzebuerg | 32.524 | 211,37 | 153.87 | 8 |
LU-12 | Réimech | Réimech | Walbezierk Osten | Lëtzebuerg | 24.186 | 127,87 | 189.15 | 8 |
Total Lëtzebuerg | 660.809 | 2.586,36 | 255,50 | 102 |
Commons: Lëtzebuerger Kantonen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.