Lady Gaga

amerikanesch Singer-Songwriterin, Schauspillerin an Aktivistin From Wikipedia, the free encyclopedia

Lady Gaga
Remove ads

D'Lady Gaga, och Lady GaGa geschriwwen, gebuer den 28. Mäerz 1986 zu New York City als Stefani Joanne Angelina Germanotta, ass eng US-amerikanesch Popsängerin a Songwriterin.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

No hirer Aktivitéit als Songwriterin fir d'Pussycat Dolls huet si hiren Debutalbum The Fame am August 2008 verëffentlecht, deen op déi éischt Plaz ënner anerem a Kanada, Éisträich, Däitschland an Irland koum. Hir éischt zwou Singelen Just Dance a Poker Face goufe weltwäit Nummer-Eent-Hitten. Den Album krut spéiderhi sechs Grammy-Nominéierungen a gouf als beschten Electronic-/Dance-Album an als bescht Dance-Opnam ausgezeechent.

Ufanks 2009 ass si am Virprogramm vun den New Kids on the Block an de Pussycat Dolls opgetrueden an huet hir éischt Solotournée The Fame Ball Tour ugefaangen. Am November 2009 huet si hiren zweeten Album The Fame Monster verëffentlecht an och hir zweet Tournée, The Monster Ball Tour ugefaangen.

Remove ads

Monster Ball Tour

De "Monster Ball Tour" war a ville Länner direkt no der Ukënnegung ausverkaaft. Am Ufank war se nëmme fir ee Joer geplangt, awer wéinst dem onerwaarte grousse Succès gouf decidéiert d'Tournée bis 2012 duerchzezéien.

Discographie

Thumb
D'Lady Gaga (riets) mat der Lady Starlight, 2007 nach virum groussen Duerchbroch

Albumen

  • The Fame (2008)
  • The Fame Monster (2009) - Live-Album
  • Born This Way (2011)
  • Artpop (2013)
  • Cheek to Cheek (2014)
  • Joanne (2016)
  • Chromatica (2020)
  • Harlequin (2024)

Singelen

  • Just Dance (feat. Colby O'Donis) - 2008
  • Poker Face - 2008
  • LoveGame - 2009
  • Paparazzi - 2009
  • Bad Romance - 2009
Thumb
D'Lady Gaga an engem vun hire villen apaarte Kostümer (Monster Ball Tour 2010)
  • Telephone (feat. Beyoncé) - 2010
  • Alejandro - 2010
  • Dance in the Dark - 2010
  • Born this Way - 2011
  • Judas - 2011
  • The Edge of Glory - 2011
  • You and I - 2011
  • Marry the Night - 2011
  • Applause - 2013
  • Do What U Want (feat. R. Kelly) - 2013
  • G.U.Y. - 2014
  • Til It Happens to You - 2015
  • Perfect Illusion - 2016
  • Million Reasons - 2016
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Lady Gaga – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads