Laténgesch Grammaire
Grammaire vun der laténgescher Sprooch From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'laténgesch Grammaire huet e puer Elementer aus dem Indogermaneschen iwwerholl, wéi zum Beispill d'Deklinatioun. D'Wierder ginn a sechs Fäll deklinéiert, déi d'Funktioun vum Wuert am Saz definéieren. De System vun de Verben huet sech dogéint ganz ëmgeännert. E baséiert sech net méi op Aspekter, wéi am Algriicheschen, mä op Zäitverhältnesser.
Nomen
D'laténgescht Nomen huet dräi Geschlechter (genera) (männlech m. fir masculinum), weiblech (f. fir femininum) a sächlech (n. fir neutrum) an zwou Zuelen (numeri) (Eenzuel a Méizuel) a sechs Fäll (casus).
D'Nome verdeele sech op fënnef Deklinatiounen, dat heescht Formen, wéi en Nomen déklinéiert gëtt an de sechs Fäll:
- Éischt Deklinatioun: Nomen op -a, Geenitiv op -ae
- Zweet Deklinatioun: Nomen op -us, -er an -um, Geenitiv op -i
- Drëtt Deklinatioun: Nomen mat Konsonant am Auslaut oder 'i' am Wuertstamm, Geenitiv op -is
- Véiert Deklinatioun: Nomen op -us, Geenitiv op -ūs
- Fënneft Deklinatioun: Nomen op -es, Geenitiv op -ei
D'Nome ginn ëmmer follgendermoossen zitéiert: Nominativ Eenzuel, Geenitiv Eenzuel, Genus
Beispill: lux, lucis f. (Liicht)
Éischt Deklinatioun (a-Deklinatioun)
rosa, ae f. (Rous)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | rosa | rosae |
Vokativ | rosa | rosae |
Akkusativ | rosam | rosās |
Geenitiv | rosae | rosārum |
Dativ | rosae | rosīs |
Ablativ | rosā | rosīs |
Donieft gëtt et nach e puer al Formen, déi awer nëmme nach a festen Expressiounen existéieren.
- pater familias (Papp vun der Famill, vum Haus)
- mater familias (Mamm vun der Famill, vum Haus)
- dis et deabus (Dativ Méizuel) (de Gëtter an de Gëttinnen)
- filiis et filiabus (Dativ Méizuel) (de Jongen en den Duechteren)
De Lokativ huet déi selwecht Endung, wéi de Genetiv Eenzuel Romae (zu Roum).
Zweet Deklinatioun (o-Deklinatioun)
- Nomen op -us/-i
dominus, i m. (Här)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | dominus | domini |
Vokativ | domine | domini |
Akkusativ | dominum | dominos |
Geenitiv | domini | dominorum |
Dativ | domino | dominis |
Ablativ | domino | dominis |
- Nomen op -er: Dës Nome behalen den -e- vun der Endung oder verléieren en.
puer, i m. (Jong)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | puer | pueri |
Vokativ | puer | pueri |
Akkusativ | puerum | pueros |
Geenitiv | pueri | puerorum |
Dativ | puero | pueris |
Ablativ | puero | pueris |
ager, agri m. (Feld)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | ager | agri |
Vokativ | ager | agri |
Akkusativ | agrum | agros |
Geenitiv | agri | agrorum |
Dativ | agro | agris |
Ablativ | agro | agris |
- Nomen op -um
donum, i n. (Kado)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | donum | dona |
Vokativ | donum | dona |
Akkusativ | donum | dona |
Geenitiv | doni | donorum |
Dativ | dono | donis |
Ablativ | dono | donis |
Drëtt Deklinatioun
Typ 1: ongläichsilbeg Nomen
- männlech a weiblech Nomen:
consul, is m. (Konsul)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | consul | consules |
Vokativ | consul | consules |
Akkusativ | consulem | consules |
Geenitiv | consulis | consulum |
Dativ | consuli | consulibus |
Ablativ | consule | consulibus |
Follgend gläichsilbeg Nome ginn och nom Modell consul deklinéiert: mater, matris f. (Mamm), pater, patris m. (Papp), frater, fratris m. (Brudder), senex, senis m. (ale Mann), juvenis, juvenis m. (jonge Mann), canis, canis m. (Hond).
- sächlech Nomen
corpus, corporis n. (Kierper)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | corpus | corpora |
Vokativ | corpus | corpora |
Akkusativ | corpus | corpora |
Geenitiv | corporis | corporum |
Dativ | corpori | corporibus |
Ablativ | corpore | corporibus |
Typ 2: Fir gläichsilbeg männlech a weiblech Nomen op -is, -es an -er an deene mat duebelem Konsonant am Geenitiv Eenzuel ("Duebelkonsonantesch") urbs, urbis f. (Stad)
- männlech a weiblech nomen
navis, is f. (Boot)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | navis | naves |
Vokativ | navis | naves |
Akkusativ | navem | naves |
Geenitiv | navis | navium |
Dativ | navi | navibus |
Ablativ | nave | navibus |
- sächlech Nomen op -ar, -e an -al
animal,is n. (Déier)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | animal | animalia |
Vokativ | animal | animalia |
Akkusativ | animal | animalia |
Geenitiv | animalis | animalium |
Dativ | animali | animalibus |
Ablativ | animali | animalibus |
Véiert Deklinatioun
- Nomen op -us/ūs
manus, ūs f. (Hand)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | manus | manūs |
Vokativ | manus | manūs |
Akkusativ | manum | manūs |
Geenitiv | manūs | manuum |
Dativ | manuī | manibus |
Ablativ | manū | manibus |
- sächlech Nomen op -u/ūs (n.)
genu, ūs n. (Knéi)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | genu | genua |
Vokativ | genu | genua |
Akkusativ | genu | genua |
Geenitiv | genūs | genuum |
Dativ | genuī | genibus |
Ablativ | genū | genibus |
Fënneft Deklinatioun
res, ei f. (Saach)
Fall | Eenzuel | Méizuel |
Nominativ | res | res |
Vokativ | res | res |
Akkusativ | rem | res |
Geenitiv | rei | rerum |
Dativ | rei | rebus |
Ablativ | re | rebus |
Genus vun den Nomen
De Genus vun den Nome gëtt engersäits duerch dat natierlecht Geschlecht vun deem bezeechente Wiese bestëmmt (dës Reegel huet de Virtrëtt) an anerersäits duerch d'Deklinatioun zu där et gehéiert (et gëtt och eng Rei Ausnamen):
- Weiblech Persoune si weiblech, männlech Persoune si männlech.
- Beem si weiblech, Flëss si männlech.
- D'Nomen op -a vun der 1. Deklinatioun si weiblech z. B. ara, ae f. (Altor), ausser déi déi männlech Persoune bezeechenen, z. B. nauta, ae m. (Matrous).
- D'Nomen op -us an -er vun der 2. Deklinatioun si männlech z. B. hortus, i m. (Gaart), magister, magistri m. (Schoulmeeschter).
- D'Nomen op -um vun der 2. Deklinatioun si sächlech z. B. bellum, i n. (Krich).
- D'Nome vun der 3. Deklinatioun si, jee no der Endung vum Nominativ oder Genetiv Eenzuel:
- männlech: just Typ 1 op -os/oris an -or/oris ausser soror, oris f. (Schwëster), uxor, oris f. (bestuete Fra) an arbor, oris f. (Bam)
- weiblech:
- Typ 1: -as/atis, -es/etis, -us/utis, -us/udis, -o/onis, -o/inis, -x/c/gis, Konsonant+s, ausser ordo, inis m. (Rei, Uerdnung), sermo, onis m. (Gespréich), grex, gregis m. (Häerd)
- all vum Typ 2 ausser mons, montis m. (Bierg), pons, pontis m. (Breck), fons, ontis m. (Quell), imber, imbris m. (Reen), piscis, is m. (Fësch), finis, is m. (Enn), orbis, is M. (Äerdkrees), collis, is m. (Hiwwel), mensis, is m. (Mount), ignis, is m. (Feier), fascis, is m. (Fäsch, Bëndel)
- sächlech:
- Typ 1: -us/oris, -us/eris, -en/inis a caput, itis n. (Kapp), cor, cordis n. (Häerz), os, oris n. (Mond)
- Typ2: -ar/aris, -al/alis an -e/is
Remove ads
Adjektiver
Éischt Grupp
D'Ajektiver vun der éischter Grupp ginn nom Modell dominus, rosa an donum deklinéiert. Am Nominativ Eenzuel hu si d'Endungen -us/a/um, -er/ra/rum oder -er/era/erum.
bonus, a, um (gut)
Eenzuel | Méizuel | |||||
Fall | Männlech | Sächlech | Weiblech | Männlech | Sächlech | Weiblech |
Nominativ | bonus | bona | bonum | boni | bonae | bona |
Vokativ | bone | bona | bonum | boni | bonae | bona |
Akkusativ | bonum | bonam | bonum | bonos | bonas | bona |
Genitiv | boni | bonae | boni | bonorum | bonarum | bonorum |
Dativ | bono | bonae | bono | bonis | bonis | bonis |
Ablativ | bono | bonā | bono | bonis | bonis | bonis |
pulcher, ra, rum (schéin)
Eenzuel | Méizuel | |||||
Fall | Männlech | Sächlech | Weiblech | Männlech | Sächlech | Weiblech |
Nominativ | pulcher | pulchra | pulchrum | pulchri | pulchrae | pulchra |
Vokativ | pulcher | pulchra | pulchrum | pulchri | pulchrae | pulchra |
Akkusativ | pulchrum | pulchram | pulchrum | pulchros | pulchras | pulchra |
Genitiv | pulchri | pulchrae | pulchri | pulchrorum | pulchrarum | pulchrorum |
Dativ | pulchro | pulchrae | pulchro | pulchris | pulchris | pulchris |
Ablativ | pulchro | pulchrā | pulchro | pulchris | pulchris | pulchris |
mortifer, era, erum (wat den Doud bréngt)
Eenzuel | Méizuel | |||||
Fall | Männlech | Sächlech | Weiblech | Männlech | Sächlech | Weiblech |
Nominativ | mortifer | mortifera | mortiferum | mortiferi | mortiferae | mortifera |
Vokativ | mortifer | mortifera | mortiferum | mortiferi | mortiferae | mortifera |
Akkusativ | mortiferum | mortiferam | mortiferum | mortiferos | mortiferas | mortifera |
Genitiv | mortiferi | mortiferae | mortiferi | mortiferorum | mortiferarum | mortiferorum |
Dativ | mortifero | mortiferae | mortifero | mortiferis | mortiferis | mortiferis |
Ablativ | mortifero | mortiferā | mortifero | mortiferis | mortiferis | mortiferis |
Zweet Grupp
D'Adjektiver vun der zweeter Grupp ginn nom Modell vun der drëtter Deklinatioun deklinéiert.
fortis, e (kéng)
Eenzuel | Méizuel | |||||
Fall | Männlech | Sächlech | Weiblech | Männlech | Sächlech | Weiblech |
Nominativ | fortis | fortis | forte | fortes | fortes | fortia |
Vokativ | fortis | fortis | forte | fortes | fortes | fortia |
Akkusativ | fortem | fortem | forte | fortes | fortes | fortia |
Genitiv | fortis | fortis | fortis | fortium | fortium | fortium |
Dativ | forti | forti | forti | fortibus | fortibus | fortibus |
Ablativ | forti | forti | forti | fortibus | fortibus | fortibus |
acer, acris, acre (lieweg, vif)
Eenzuel | Méizuel | |||||
Fall | Männlech | Sächlech | Weiblech | Männlech | Sächlech | Weiblech |
Nominativ | acer | acris | acre | acres | acres | acria |
Vokativ | acer | acris | acre | acres | acres | acria |
Akkusativ | acrem | acrem | acre | acres | acres | acria |
Genitiv | acris | acris | acris | acrium | acrium | acrium |
Dativ | acri | acri | acri | acribus | acribus | acribus |
Ablativ | acri | acri | acri | acribus | acribus | acribus |
Remove ads
Pronomen
Demonstrativpronomen
is, ea, id (dëse, déi, dës)
Eenzuel | Méizuel | |||||
Fall | Männlech | Sächlech | Weiblech | Männlech | Sächlech | Weiblech |
Nominativ | is | ea | id | ii (ei) | eae | ea |
Akkusativ | eum | eam | id | eos | eas | ea |
Genitiv | eius | eius | eius | eorum | earum | eorum |
Dativ | ei | ei | ei | iis (eis) | iis (eis) | iis (eis) |
Ablativ | eo | eā | eo | iis (eis) | iis (eis) | iis (eis) |
iste, ista, istud (dësen...do, déi...do, dës...do)
Eenzuel | Méizuel | |||||
Fall | Männlech | Sächlech | Weiblech | Männlech | Sächlech | Weiblech |
Nominativ | iste | ista | istud | isti | istae | ista |
Akkusativ | istum | istam | istud | istos | istas | ista |
Genitiv | istius | istius | istius | istorum | istarum | istorum |
Dativ | isti | isti | isti | istis | istis | istis |
Ablativ | isto | istā | isto | istis | istis | istis |
ille, illa, illud (dësen...dohannen, déi...dohannen, dës...dohannen)
Eenzuel | Méizuel | |||||
Fall | Männlech | Sächlech | Weiblech | Männlech | Sächlech | Weiblech |
Nominativ | ille | illa | illud | illi | illae | illa |
Akkusativ | illum | illam | illud | illos | illas | illa |
Genitiv | illius | illius | illius | illorum | illarum | illorum |
Dativ | illi | illi | illi | illis | illis | illis |
Ablativ | illo | illā | illo | illis | illis | illis |
Verben
Bei de Verben ënnerscheet een tëscht finiten an infinite Formen:
- finit: d'Verb gëtt de Persounen an den Numeri no konjugéiert
- inifinit: d'Verb gëtt net konjugéiert
Dat finit laténgscht Verb huet dräi Persounen, zwee Numeri (Eenzuel a Méizuel), dräi Modi, sechs Tempora an zwee Genera (Aktiv a Passiv).
Modi:
- Indikativ
- Imperativ
- Konjunktiv (subjonctif)
Tempora:
- Present
- Perfekt
- Imperfekt
- Futur I (futur simple)
- Futur II (futur antérieur)
- Plusquamperfekt
Déi infinit Verbforme sinn den Infinitiv, de Partizip, de Gerundium, de Gerundivum an de Supinum.
D'Verbe verdeele sech op véier Konjugatiounen. Donieft gëtt et nach verschidden onreegelméisseg Verben. Fir Verben ze zitéirien an ze léiere geet et follgendermoossen: 1. Pers Sg Ind Präs, 2. Pers Sg Ind Präs, Inifinitiv, 1. Pers Sg Ind Perfekt, Supinum
- 1. Konjugatioun: Verben op -are: amo, amas, amare, amavi, amatum (gär hunn)
- 2. Konjugatioun: Verben op -ere: moneo, mones, monere, monui, monitum (warnen)
- 3. Konjugatioun: Verben op -ĕre:
- Typ 1: lego, legis, legĕre, lēgi, lectum (liesen)
- Typ 2: Verbe vun dësem Typ hunn en -i- an der Endung vun der éischter Persoun Eenzuel Indikativ Präsens Aktiv: capio, capis, capĕre, cēpi, captum (huelen)
- 4. Konjugatioun: Verben op -ire: audio, audis, audire, audivi, auditum (héieren)
Paradigma amo, amas, amare, amavi, amatum
Paradigma moneo, mones, monēre, monui, monitum
Remove ads
Funktioune vun de Fäll
- Nominativ: Gëtt fir de Sujet oder d'Attribut gebraucht
- Vocativ: Uriedform
- Akkusativ: Form fir de Complément d'objet direct
- Geenitiv: Gëtt gebraucht fir duerzestellen, wiem eppes gehéiert resp. zu wat eppes gehéiert.
- Dativ: Form fir de Complément d'objet indirect
- Ablativ: Form fir Emstandsbeschreiwungen (Zäit, Uert, Manéier, Ursaach, Moyen, etc.)
- Locativ: d'Plaz wou ee grad ass, dëse Fall gëtt et just nach fir e puer Nomina
Remove ads
Niewesätz
Infinitivsätz
Am Latäi gëtt et Niewesätz deenen hiert Verb am Infinitiv steet. De Sujet vum Verb ass am Akkusativ (AcI, accusativus cum infinitivo) oder, méi rar, am Nominativ (NcI, nominativus cum infinitivo).
No Verben, déi d'Bedeitung vun hoffen, wëssen, soen, hu souwéi no de Verbe vum Wëllen (velle, nolle, malle, cupere wëllen, net wëllen, léiwer hunn, wënschen) ausdrecke steet AcI.
Beispiller:
- Spero matrem tuam valere. Ech hoffen, denger Mamm geet et gutt.
- Vides me beatum esse. Du gesäiss, datt ech frou sinn.
Fir Aussoen déi sech op eng Persoun oder Saach bezéie benotzt een en NcI:
- Caesar dicitur optimus dux esse. Vum Cesar gëtt gesot hi wier de beschte Chef.
Consecutio Temporum
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads