Leopard 1

From Wikipedia, the free encyclopedia

Leopard 1
Remove ads

De Leopard 1 ass e mëttlere Kampfpanzer aus Däitschland. Et war den éischten, deen nom Zweete Weltkrich an der Bundesrepublik entwéckelt gouf. Vun 1965 bis 1984 goufen am Ganze 4.744 Stéck gebaut, vun deenen der och haut nach a verschiddenen Arméie vun der Welt ze fanne sinn. An Däitschland war e vun 1965 bis 2003 offiziell am Asaz. E gouf duerch de Leopard 2 ersat.

Méi Informatiounen Allgemeng Donnéeën, Besatzung ...
Remove ads

Geschicht, wéi en entstanen ass

D'Wiederbewaffnung vun der Bundesrepublik de 5. Mee 1955 huet dozou geféiert, datt d'Bundeswehr fir unzefänken, mat US-amerikaneschen a brittesche Panzergefierer ausgerëscht gouf. Déi däitsch Rëschtungsindustrie war zu där Zäit net an der Lag, fir d'Panzerentwécklung duerchzesetzen.

Daimler-Benz huet dunn allerdéngs mat Hëllef vun auslännesche Produzente versicht, dat Lach an der Entwécklung vu Waffen zouzemaachen. Zesumme mat der Porsche KG, ZF Friedrichshafen, Ruhrstahl AG an der indescher Firma TATA ass geplangt ginn, e Kampfpanzer fir Indien z'entwéckelen. Aus deem Projet gouf allerdéngs näischt.

Thumb
Virserie vum Leopard 1 am däitsche Panzermusée
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Leopard 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads