Les Visiteurs
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Les Visiteurs ass e franséische Film vum Jean-Marie Poiré aus dem Joer 1993. An dësem Kaméidisfilm reesen e Ritter aus dem 12. Joerhonnert a säin Dénger duerch d'Zäit, a landen um Enn vum 20. Joerhonnert, an enger Welt déi si net verstinn.
Les Visiteurs hat mat 13.664.000 verkaften Ticketen e grousse Succès a Frankräich. 2001 hunn de Jean Reno an de Christian Clavier op en Neits hir mëttelalterlech Kleeder fir de franko-amerikanesche Remake Les Visiteurs en Amérique / Just Visiting ugedoen.
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
Am Joer 1123 vun eisem Här huet de Godefroy, Grof vu Montmirail, Appremont a Papincourt (Jean Reno) de Kinnek Louis VI. (Didier Pain) virun den Englänner gerett. Fir him Merci ze soen, gëtt de Kinnek dem Godefroy déi schéi Frénégonde de Pouille (Valérie Lemercier) zur Fra. Um Wee bei d'Schlass, fir sech mat der Frénégonde ze bestueden, gëtt de Godefroy vun enger Hex vergëft, déi hien ënnerwee gefaange geholl hat. Duerch d'Gëft hält hien de Papp vun der Frénégonde fir e geféierleche Bier, an erschéisst hien. Elo wëll d'Frénégonde hien natierlech net méi bestueden, an dat Schlëmmst fir de Godefroy wäert antrieden: hie wäert keng Nokommen hunn.
De Godefroy mécht sech zesumme mat sengem Dénger Jacquouille la Fripouille (Christian Clavier) op d'Sich nom Magier Eusebius (Pierre Vial), deen hinnen erméiglecht, an der Zäit zeréckzereesen, fir dësen Accident ze verhënneren. Leider huet sech den ale Magier beim Gedrénks liicht verkalkuléiert, a sou landen de Grof a säin Dénger am 20. Joerhonnert. Do begéint de Godefroy sengem Ur-ur-Enkelkand Béatrice (Valérie Lemercier), déi hie fir hire Koseng Hubert hält, dee verschwonnen ass.
Mä och soss ass am 20. Joerhonnert villes anescht, "Sarazenen" liewen ënner der normaler Bevëlkerung, a Leit aus dem Vollek sinn un der Muecht. Obschonn dës "nei" Iddien dem Jacquouille gefalen, si si e grousse Schock fir den alen adelege Godefroy. Mä och d'Manéiere vun eisen zwéi Visiteuren aus dem Mëttelalter loossen ze wënschen iwwereg.
An dëser Welt, déi hien net versteet, versicht de Godefroy e Mëttel ze fannen, fir nees zeréck a seng Zäit ze kommen.
Eng manner erfollegräich Fortsetzung koum 1998 ënner dem Titel Les Visiteurs 2: Les couloirs du temps eraus.
Remove ads
Schauspiller
- Christian Clavier: Jacquouille la Fripouille / Jacques-Henri Jacquard
- Jean Reno: Godefroy de Papincourt, Grof vu Montmirail
- Valérie Lemercier: Frénégonde de Pouille/Béatrice de Montmirail
- Christian Bujeau: Jean-Pierre Goulard
- Marie-Anne Chazel: Ginette Sarclay
- Isabelle Nanty: Fabienne Morlot
- Gérard Séty: Edgar Bernay
- Didier Pain: de Kinnek Louis VI. den Décken
- Jean-Paul Muel: de Maréchal-des-Logis Gibon
- Arielle Séménoff: Jacqueline
- Michel Peyrelon: Édouard Bernay
- Pierre Vial: le mage Eusebius/Monsieur Ferdinand
- François Lalande: Paschtouer
- Didier Bénureau: Dokter Beauvin
- Frédéric Baptiste: Freddy
Remove ads
Triviales
- D'Formel fir an der Zäit ze reesen: "Per horus et per Rha et per solem invictus ducere".
- D'Devise vun der Famill Montmirail: "Montjoie ! Saint-Denis ! Que trépasse si je faiblis !".
- D'Lidd wat d'Ginette probéiert ze sangen, ass am Original zimmlech bekannt, et ass Casser la voix vum Patrick Bruel.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
