Lian Reckinger
lëtzebuergesch Sculptrice From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Lian Reckinger, gebuer 1942 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sculptrice mat lëtzebuergeschen an italieeneschen Originnen.

Hir Première huet si 1961 an der Europaschoul zu Lëtzebuerg gemaach. Vun 1961 bis 1967 war si an der Staatliche Akademie der Bildenden Künste zu Stuttgart ageschriwwen, wou se beim Uli Günther Keramik, a Skulptur beim Rudolf Hoflehner studéiert huet. Duerno huet si Stagen zu Sesto Fiorentino an op Sizilien gemaach.
1971 krut se hiren Diplom, fir zu Lëtzebuerg Konscht z'enseignéieren.
D'Lian Reckinger gëtt Konschtcoursen an engem Lycée Technique zu Lëtzebuerg a si huet hiren Atelier op der Schläifmillen.
2007 krut si den Optrag vum groussherzoglechen Haff fir eng bronze Büst vum Groussherzog, déi geduecht ass fir am Groussherzogleche Palais, am Schlass Bierg an a verschiddene Ministèren opgestallt ze ginn.
Si ass zanter 1968 mam Moler Schorsch Mayer bestuet.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
- D'Lian Reckinger op der Websäit schlaiffmillen.com
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
