Libretto

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

E Libretto, an der Méizuel Libretti, ass den Text vun enger Oper, engem Oratorium, enger Operett, engem Musical oder enger Kantat. Och Zenarie vu Balleten a Pantomimë ginn dobäi gerechent.

D'Wuert kënnt vum Italieeneschen a bedeit "Bichelchen". Seng Originnen huet den Numm am italieenesche Brauch, deen et zanter dem 17. Joerhonnert gëtt, fir d'Texter vun den Operen an enger Zort Täschebuch ze drécken, an et bei der Entrée vum Sall ze verkafen, datt d'Leit den Text konnte matliesen. A Frankräich gouf et eréischt als livret am Laf vum 19. Joerhonnert bekannt.

Déi literaturwëssenschaftlech Disziplin, déi sech mat der literarescher Erfuerschung vum Libretto beschäftegt, gëtt Librettologie genannt.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Librettos – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads