Lieu-dit
bestëmmt Plaz an enger Gemeng mat engem Toponym From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Lieu-dit bezeechent am franséische Sproochraum eng kleng geographesch Eenheet, meeschtens den Numm vun enger bestëmmter Plaz an enger Gemeng[1]. Sou Nimm kënne vun engem Flouernumm hierkommen, oder wann haut keng Gebaier méi do stinn, z. B. vun engem Haff oder Millen déi fréier, op där Plaz stoungen, oder vun enger fréierer Uertschaft, wéi z. B. Schéimerech, Réisseng, oder vu soss enger geographescher Bezeechnung wéi z. B. Tossebierg oder vun enger Baach wéi Keiwelbaach.

Remove ads
De Lieu-dit zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg fënnt een de Lieu-dit praktesch net an der normaler Alldagssprooch. Sou Plaze ginn normalerweis grad wéi Plazen um Flouer einfach mat hirem Numm genannt ouni dat ee Lieu-dit derbei seet. D'Expressioun ass dofir praktesch nëmmen an der administrativer Sprooch ze fanne wou dann och Zesummenhäng tëscht de Verwaltunge bestinn. Sou seet ons de z. B. de Kadaster wat e Lieu-dit ass, an d'Bauverwaltung setzt déi Bezeechnung da bei hirer Beschëlderung an, fir d'Benotzer vu Verkéiersweeër drop hinzeweisen datt se op e Lieu-dit kommen oder dervu fortfueren (Schëld F, 14a a Schëld F, 14b) oder fir en ze weise wéi se solle fuer fir op e bestëmmte Lieu-dit ze kommen (Schëld E, 5a).
Remove ads
Kuckt och
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Referenzen
- Definitioun nom Larousse en trois volumes, Editioun 1966, Säit 784
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads