Liichtathleetik

Grupp vu verschiddene Sportaarten From Wikipedia, the free encyclopedia

Liichtathleetik
Remove ads

Liichtathleetik ass e Sammelbegrëff fir verschidde Sportaarten aus den 3 Haaptkategorie Lafen, Sprangen a Werfen.

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Typ, Olympesch Sportaart ...
Remove ads

Disziplinnen

Méi Informatiounen Lafen, Sprangen ...
Remove ads

Training

Liichtathleetik ass eng trainingsintensiv Sportaart. Am Kannerberäich (bis 13 Joer) gëtt 2 bis 3-mol d'Woch trainéiert. D'Kanner sollen d'Disziplinne kenne léieren an eng Basis kréien. Am Jugendberäich (bis 16 Joer) soll een da scho 5 bis 7-mol d'Woch trainéieren. Den Training ass vun do un ofhängeg vun der Spezialisatioun vum Sportler, d. h. Sprint, Mëttel-, Laangstrecken oder technesch Disziplinnen. Veräiner deelen hei an Trainingsgruppen an. Wann ee méi al wéi 16 Joer ass, kann ee méi wéi 7-mol d'Woch trainéieren. Et soll ee sech awer ëmmer fräi Deeg halen, fir ze recuperéieren.

Fir méi genee ze wëssen, wéi eng Beräicher fir wéi eng Disziplinnen trainéiert musse ginn, kann een d'Artikelen iwwer déi verschidden Disziplinne kucken.

Remove ads

Kompetitiounen

International:

D'Weltmeeschterschafte ginn all vu World Athletics, dem Daachverband vun allen nationale Liichtathleetiksfederatiounen organiséiert.

- Liichtathleetik Weltmeeschterschaften (zanter 1983, all 4 Joer an zanter 1990, all 2 Joer)

- Jugendweltmeeschterschaften (zanter 1999, all 2 Joer; U18)

- Juniorenweltmeeschterschaften (zanter 1986, all 2 Joer; U20)

- Senioren-Weltmeeschterschaften (zanter 1975, all 2 Joer; Ü35)

- Senioren-Stroossen-Weltmeeschterschaften (zanter 1992, all 2 Joer; Ü40)

- Haleweltmeeschterschaften (1987-2003, an zanter 2004 all 2 Joer)

- Crosslaf-Weltmeeschterschaften (zanter 1973, all Joer)

- Hallefmarathon-Weltmeeschterschaften (zanter 1992, all Joer)

- Bierglaf-Weltmeeschterschaften (zanter 1985, all Joer)

  • Europameeschterschaften:

- Liichtathleetik Europameeschterschaften (Vun 1934-1962 ëmmer an der Hallschent vun der Olympescher Period a vun 1974-2010, all 4 Joer an zanter 2010 all 2 Joer)

- Junioreneuropameeschterschaften (zanter 1970, all 2 Joer; U20)

- U23-Liichtathleetik-Europameeschterschaften (zanter 1997, all 2 Joer; U23)

- Bierglaf-Europameeschterschaften (U20 Wäertung)

- Crosslaf-Europameeschterschaften (U23 an U20 Wäertung)

  • Welt- an Europacup
  • Golden League (bis 2009, duerno Samsung Diamond League)
  • Samsung Diamond League (vun 2010 un)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Liichtathleetik – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads