Lithographie

From Wikipedia, the free encyclopedia

Lithographie
Remove ads

D'Lithographie (vum algriich.: λίθος lithos, „Steen“ an γράφειν graphein, „schreiwen“) ass den eelste Flaachdrockprocedé an huet am 19. Joerhonnert zu den am meeschten agesaten Drocktechnike fir faarweg Drocksaache gezielt. Mat Lithographie oder Steendrock gi bezeechent:

  • eng Steenzeechnung als Drockvirlag am Kader vum Steendrockprocedé,
  • en Ofzog (Faarfiwwerdroung) vum Steen op gëeegente Pabeier an der Steendrockpress,
  • den handwierklechen oder maschinelle Steendrockprocedé u sech.
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Méi Informatiounen Technologien ...
Thumb
Victor Hugo. Lithographie vum Honoré Daumier.

E Lithograph ass een, deen déi Steenzeechnung, also déi Texter a Biller, déi gedréckt solle ginn, op engem Lithographiesteen manuell a säiteverkéiert zeechent.

Remove ads

Geschicht

De Steendrock baséiert op eng Erfindung vum Alois Senefelder aus dem Joer 1798. Hie war am 19. Joerhonnert deen eenzege Drockprocedé, dee gréisser Oploe vu faarwegen Drocksaachen erméiglecht huet. Bis ëm 1930 gouf de Steendrock fir verschidden Drocksaache ganz heefeg agesat, gouf awer duerno sukzessiv vum Offsetdrock ofgeléist a gëtt haut just nach am Konschtberäich agesat. Fir déi haiteg Masseproduktioun vun Drocksaachen ass de Steendrock net geeegent, well en am Verglach mat anere modernen Drocktechniken onwirtschaftlech ass.

Thumb
E lithographeschen Atelier. Lithographie vum Louis Prang, 1874.
Remove ads

Bekannt Lithographen

Remove ads

Lithographien aus oder iwwer Lëtzebuerg

Literatur

  • Senefelder, Aloys, 1818. Vollstaendiges Lehrbuch der Steindruckerey.

Um Spaweck

 Commons: Lithographie – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads