Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette

Secondairesschoul zu Esch-Uelzecht From Wikipedia, the free encyclopedia

Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette
Remove ads

De Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette (LGE), och Escher Jongelycée genannt ass eng Secondairesschoul zu Esch-Uelzecht.

Séier Fakten Escher Jongelycée, LGE ...

Den Numm „Jongelycée“ huet e bis haut bäibehalen, obwuel zanter 1969 och Schülerinnen do d'Schoulbänk drécken.

Am d'Schouljoer 2019/20 ware 1.135 Schüler am Jongelycée vun Esch ageschriwwen. 7 Sektiounen am Uewergrad (3e, 2e a 1re) an 2 Ënnersektiounen (Latäin an Englesch, vu 6e un) ginn ugebueden a stinn zur Auswiel.

Remove ads

Historique

Mam Gesetz vum 29. Juni 1901 ass d'Industrieschoul zu Esch-Uelzecht gegrënnt ginn[1], déi op Handel an Industrie spezialiséiert war. Den 1. Oktober 1901 hunn déi éischt Coursen ugefaangen. D'Schoul war am Ufank an engem Gebai an der Uelzechtstrooss, dat d'Gemeng zur Verfügung gestallt huet, ënnerbruecht. Well do net genuch Plaz war, ass d'Konstruktioun vun engem neie Gebai decidéiert ginn. Iwwer de Wee vun der "utilité publique"[2] konnt den Terrain "Hinter dem Thiergarten" opkaaft ginn, an 1905 hunn d'Aarbechten ënner der Leedung vum Escher Stadarchiteckt Paul Flesch ugefaangen. Den 1. Oktober 1909 konnt dat neit Gebai ageweit ginn[3].

Zesumme mat der Industrieschoul an der Stad Lëtzebuerg krut déi Escher Industrieschoul duerch e groussherzoglecht Reglement vum 28. Abrëll 1945 d'Bezeechung Lycée de garçons[4].

Éischt Vergréisserungsaarbechten, laanscht d'Spidolstrooss hunn am Joer 1957 ugefaangen a konnten 1965 ofgeschloss ginn. Eng zweet Vergréisserungs- a Renovéierungsetapp huet 1988 ugefaangen an huet bis 1994 gedauert[5].

An den 1970er Joer ass d'Zuel vun de Schüler fir d'éischt iwwer 1200 geklommen.

Remove ads

Optiounen

Als Optioune ginn ënner anerem ugebueden am LGE: Fotografie, Kino vum zwanzegste Joerhonnert, modern Gittar, Chineesesch, Multimedia, Geschicht vun der Mathematik, Heraldik, Biologie, Portugisesch, Informatik a Musek.

Direkteren

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 2002 - 2014: Lucien Thill
  • 2014 - 2017: Nico Decker[6]
  • 2017 - haut: Pascal Bermes

Schülerkommitee

Zanter 1997 ass et gesetzlech Flicht fir e Lycée, datt en e Schülerkommitee huet[7][8]. All Schüler huet d'Méiglechkeet, sech am Ufank vum Schouljoer an de Kommitee, dee bis zu 13 Memberen huet, ze mellen. Et gëtt all Joer Neiwalen organiséiert.

D'Gebailechkeeten

D'Gebai vun 1909 huet eng Sandsteefassad an ass an engem neoklassizistesche Stil gebaut.

An den 1960er Joren ass an der Spidolstrooss en neie Fligel ugebaut ginn. Gläichzäiteg koum, dorun ugebaut, en drëtte Fligel mat Turn- a Festsall bäi.

Enn vun den 1990er Jore gouf d'Gebai grëndlech renovéiert, an e weidere Fligel ass ugebaut ginn, an deem virun allem spezialiséiert Säll (fir Physik-, Chimie- an Zeechecoursen) installéiert goufen. De fréieren Turnsall gouf an eng Kantin transforméiert, an en neien Turn-Trakt am Haff bäigebaut.

Remove ads

Literatur zum Theema

  • Gabriel Deibener, Georges Konsbruck, Ed. Maroldt, J.M. Peiffer, Nadine Schummer, Lucien Thill: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch 1901-2001, Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, Esch 2001, 451 S., ISBN 2-87996-938-773.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. G. Konsbruck: Aperçu de l'histoire du Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, 1901-1940. In: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch 1901-2001, Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, Esch 2001, S. 35ss.
  2. E. Wagner: L'agrandissement du LGE. In: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch 1901-2001, Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, Esch 2001, S. 73 a 76s.
  3. Neue Direktoren im LGE und LHCE, wort.lu 17. Abrëll 2014.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads