Marc Theis

lëtzebuergesche Fotograf From Wikipedia, the free encyclopedia

Marc Theis
Remove ads

De Marc Theis, gebuer den 18. Abrëll 1953 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Fotograf.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Hien ass a Frankräich an zu Diddeleng opgewuess an huet fir Dekorateur a Schrëftsetzer geléiert. 1971 huet en op der Lazi Akademie zu Stuttgart Graphik a Konscht studéiert. Hien huet sech 1976 zu Hannover installéiert (wou en haut nach wunnt) an do fir d'éischt als Fotograf op der Medezins-Fakultéit, duerno 5 Joer laang am Publicitéitsrayon vum Tourismuskonzern TUI, geschafft.

Zanterhier ass e fräischafende Fotograf. Hien huet ë. a. fir d'Sennheiser-Mikrophone bekannt Museker fotograféiert.

D'Portraiten op den Timberen déi d'Lëtzebuerger Post am Joer 2000 wéi den Groussherzog Henri op den Troun koum, erausginn huet, si vum Marc Theis[2].

Beim Nikon Photo Contest International 1985/1986 huet hie mat senger Foto "Strandläufer" d'Goldmedail fir déi bescht Faarffoto gewonnen.

Remove ads

Gielercher

Publikatiounen (Auswiel)

  • 1993: D'Lëtzebuerger mat Texter vum Gilbert Trausch, Édition Saint-Paul, ISBN 2-9599988-0-4
  • 1995: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, zesumme mat der Elisabeth Vermast, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover
  • 2000: Luxembourg, Banks and Architecture, Texter Ina Nottrot, Éditions Guy Binsfeld, ISBN 978-2879540900
  • 2009: Léa avec amour, zesumme mat der Léa Linster
  • 2010: Scorpions Rock & Roll Forever, Hommage Verlag, ISBN 978-3868600742
  • 2011: Lost in Time, mat engem Text vum Boris von Brauchitsch, Peperoni Books, ISBN 978-3941825284
  • 2013: mobile beauties, Ars Cracovia Galerie, Köln
  • 2020: (in) progress. Kirchberg fotografisch dokumentiert.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Marc Theis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 420
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads