Marcel Goebel
lëtzebuergeschen Architekt From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Marcel Goebel, gebuer den 23. Mee 1914 zu Habscht an duerch en Accident gestuerwen den 23. September 1978, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Seng Secondairesetuden huet hien an der Industrieschoul zu Iechternach gemaach. Säin Architektsdiplom krut hien den 19. Oktober 1940, nodeem hien op der École supérieure d'architecture Saint-Luc zu Bréissel an zu Léck studéiert hat. Als Architekt war hien aktiv beim Neesopbau vun Iechternach an der Ëmgéigend nom Zweete Weltkrich. Aus där Zäit stamen ë. a.:
- den Hotel Meyer zu Beefort
- den Hotel du Parc zu Iechternach
- d'Hostellerie de la Vallée zu Hiefenech
- d'Paschtoueschaus vis-à-vis vun der Péitrus a Paulus-Kierch zu Iechternach
An anere Géigenden:
Remove ads
Literatur
- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 212
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads