Marcel Proust
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Marcel Proust, gebuer den 10. Juli 1871 zu Paräis, an do gestuerwen den 18. November 1922, war e franséische Schrëftsteller.
D'Zouwendung vu senge gutt situéierten Elteren an eng Asthmakränkt hunn dem sensiblen a begabte Proust seng Kandheet a seng Jugend dominéiert. Ouni datt hien huet misse Sue verdéngen, huet hie sech an de Kreesser vun der dekadenter Paräisser Uewerschicht opgehalen.
Eréischt nom Doud vu sengen Elteren (1903 resp. 1905) an enger Verschlëmmerung vu senger Krankheet huet hie sech op d'Schreiwe konzentréiert. An engem schall- a liichtgeschützte Raum huet hie säin Haaptwierk À la recherche du temps perdu verfaasst, dat vun 1913 bis 1927 erauskoum. Den 2. Band huet him 1919 de Prix Goncourt abruecht an doropshi gouf hien international bekannt.
Remove ads
Wierk
Um Spaweck
| Commons: Marcel Proust – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Bibliographie Marcel Proust op der Websäit vun der University of Illinois
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
