Äerzherzogin vun Éisträich, Kinnigin vun Ungarn a Béimen, réimesch-däitsch Keeserin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Maria Theresia vun Éisträich, gebuer den 13. Mee 1717 zu Wien, an do gestuerwen den 29. November 1780, war eng Fürstin aus dem Haus Habsburg. Si war Äerzherzogin vun Éisträich (1740 - 1780), Kinnek[1],[2] vun Ungarn (1741 - 1780), a Kinnigin vu Béimen (1743 - 1780); si war och Herzogin vu Lëtzebuerg.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Äerzherzogin a Kinnigin vun Ungarn a Béimen. Fir aner Persoune mam Titel Maria Theresia vun Éisträich, kuckt wgl. Maria Theresia vun Éisträich (Homonymie). |
Maria Theresia vun Éisträich | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Titelen | |
Äerzherzogin vun Éisträich | |
Zäit | 1740 bis 1780 |
Nofollger | Joseph II. |
Virgänger | Karl VI. |
Biographie | |
Gebuer |
13. Mee 1717 Hofburg |
Gestuerwen |
29. November 1780 Wien |
Bestuet mat | Franz I. Stephan |
Papp | Karel VI. |
Mamm | Elisabeth Christine vu Braunschweig-Wolfenbüttel |
Geschwëster | Maria Anna vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich |
Kanner | Maria Elisabeth vun Éisträich, Maria Anna vun Éisträich, Maria Karolina vun Habsburg, Joseph II., Maria Christina vun Éisträich, Maria Elisabeth vun Éisträich, Karl Joseph vun Éisträich, Maria Amalia vun Éisträich, Leopold II., Johanna Gabriele vun Éisträich, Maria Josepha vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Ferdinand Karl vun Éisträich-Este, Marie-Antoinette vun Éisträich, Maria Karolina vun Éisträich, Maximilian Franz vun Éisträich |
|
Obschonn dacks als Keeserin genannt, war d'Maria Theresia nimools Keeserin vum Hellege Réimesche Räich.
Si war déi eelst Duechter vum Karl VI. (1685 - 1740). Hire Brudder Leopold, den eenzege männlechen Trounfollger, gouf 1716 gebuer an ass nach am selwechte Joer gestuerwen. Doduerch huet si, nom Doud vum hirem Papp (1740), sämtlech Herrschafte vun den Habsburger geierft. Dat war och de Grond fir den éisträicheschen Ierffollegkrich.
1736 ass si mam François III., Herzog vu Loutrengen, (1708 zu Nanzeg - 1765 zu Innsbruck), bestuet ginn. Doduerch ass d'Linn Habsburg-Loutrengen entstanen an de François III. gëtt als Franz I. Stephan 1745 zum Keeser gewielt. Vun deem Moment un huet d'Maria Theresia sech och als Réimesch Keeserin betitelt.
D'Maria Theresia hat 16 Kanner (11 Meedercher, 5 Jongen):
Fir un d'Maria Theresia z'erënneren ass an der Stater Uewerstad eng Strooss no hir genannt: d'Avenue Marie-Thérèse leeft vun der Bréisseler Plaz laanscht de Park bis bei d'Escher Strooss.
Virun 1925 war en Deel vun der haiteger Ënneschtgaass (tëscht dem Boulevard Royal an der Dräikinneksgaass) no hir genannt (Rue Marie-Thérèse).
Commons: Maria Theresia vun Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Karl III. | Kinnek vun Ungarn 1740 - 1780 | Nofollger: Joseph II. |
Virgänger: Karl Albrecht | Kinnigin vu Béimen 1743 - 1780 | Nofollger: Joseph II. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.