Mathias Hinterscheid

lëtzebuergesche Gewerschaftler From Wikipedia, the free encyclopedia

Mathias Hinterscheid
Remove ads

De Mathias Hinterscheid, gebuer de 26. Januar 1931 zu Diddeleng, a gestuerwen de 27. Dezember 2016 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hie war President vum Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV) a vun der CGT a Generalsekretär vun der Europäescher Gewerkschaftskonfederatioun (ETUC). Hien ass och Grënnungsmember vun der ULC.

Remove ads

Liewen

De Mathias Hinterscheid war Metallaarbechter an huet op der Arbed geschafft, wou en 1946 Member vum LAV gouf. Méi spéit gouf hien och Member vun der LSAP. 1963 gouf hien zum Generalsekretär vun der CGT-L gewielt, an 1970 zu hirem President.

Dës Funktioun hat hie bis en 1976 um 2. Kongress vun der Europäescher Gewekschaftskonfederatioun zu München zum Generalsekretär gewielt gouf. Hie konnt d'Ënnerstëtzung vun der brittescher Gewerkschaft TUC duerch säi Plaidoyer dofir gewannen, datt d'ETUC sech sollt méiglechst staark dofir engagéieren, op d'Decisioune vun den EG-Institutiounen Afloss ze huelen.[2] Hien hat dës Funktioun bis 1991. Als Generalsekretär war hie mat verantwortlech fir dat staarkt Uwuesse vun der Zuel vun de Memberen an den ugeschlossene Gewerkschaften..[3]

De Mathias Hinterscheid war Member vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Zentralbank.

Remove ads

Publikatiounen

  • Hinterscheid, Mathias: Vivre et travailler autrement en Europe: bilan et perspectives d'un espace social européen. Préface vum Jacques Delors -Paräis: Syros, 1987. - 239 S. ISBN 2-867-38-196-7

Referenzen

  1. Noruff an Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 6. Januar 2017 (S.2 a S.36)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads