Minuskel

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Eng Minuskel ass an der Typographie de fachleche Begrëff fir kleng Buschtawen. D'Minuskele passen an e Véierlinneschema. An dësem kënnen d'Minuskelen och eng Uewerlängt (z. B. b, d, f, h, k, l) oder eng Ënnerlängt hunn (z. B. g, j, p, q, y).

Minuskel ass och eng Bezeechnung fir eng a Minuskele geschriwwen Handschrëft, heefeg fir eng entspriechend Bibelhandschrëft.

Thumb
Majuskel a Minuskel

Wuerturspronk

D'Bezeechnung Minuskel ass aus dem laténgesche Wuert minusculus ofgeleet, wat (nees ofgeleet ass vu minus = méi kleng, manner) sou vill bedeit wéi éischter kleng.

Si staamt aus dem Mëttellaténgeschen, méiglecherweis aus dem Joer 1000 n. Chr.

D'Géigendeel vu Minuskel ass Majuskel resp. Versal.

Kuckt och

Literatur

  • Herbert Hunger: Antikes und mittelalterliches Buch- und Schriftwesen. In: Die Textüberlieferung der antiken Literatur und der Bibel. dtv, München 1975, ISBN 3-423-04485-3

Um Spaweck

 Commons: Minuskel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads