Mississippi River

längste Floss an Nordamerika From Wikipedia, the free encyclopedia

Mississippi River
Remove ads

De Mississippi [ˌmɪsɪˈsɪpɪ] ((en) Mississippi River) ass en ëm déi 4.000 Kilometer[1] laange Stroum an Nordamerika. En entspréngt aus dem Itascaséi am nërdleche Minnesota a leeft ronn 160 km südlech vun New Orleans an de Golf vu Mexiko.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss an Nordamerika. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Mississippi.
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Längt, Debit ...

De Missouri, säi längsten Niewefloss, ass bis bei d'Mëndung däitlech méi laang (4.087 km), huet awer weesentlech manner Waasser wéi de Mississippi. De Missouri an den Ënnerlaf vum Mississippi bilden als „Mississippi-Missouri“ mat 6.051 Kilometer Längt de véiertlängste Flosssystem vun der Äerd. Vum Waasservolumen hier ass den Ohio de gréissten Niewefloss.

Op sengem Laf vum Norden an de Süde leeft de Mississippi quasi duerch dat ganzt Staatsgebitt vun den USA a fléisst duerch aacht US-Bundesstaaten: Minnesota, Illinois, Missouri, Kentucky, Arkansas, Tennessee, Mississippi a Louisiana.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Mississippi River – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. D'Donnéeën iwwer d'Längt ginn auserneen, deels wéinst der Joreszäit oder der Miessmethod. Den Itasca State Park gëtt fir den Haaptstamm vum Mississippi eng Längt vun 2.552 Meilen un (4.107 km), den US Geologic Survey nennt 2.300 Meilen (3.701 km), d'United States Environmental Protection Agency 2.320 Meilen (3.734 km), an d'Mississippi National River and Recreation Area 2.350 Meilen (3.782 km) Quell: https://www.nps.gov/miss/riverfacts.htm
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads