Mitra

traditionell Kappbedeckung From Wikipedia, the free encyclopedia

Mitra
Remove ads

Eng Mitra (vu gr. μιτρα - Stierbändchen) ass eng traditionell Kappbedeckung vu chrëschtleche Bëscheef an Äbt. Se gehéiert zu de sougenannte Pontifikalien.

Thumb
de Bëschof Dr. Gebhard mat Mitra
Thumb
dem „Kleeschen“ seng Mitra

D'Form vun der Mitra huet am Laf vun der Zäit evoluéiert: aus enger keegelfërmeger Mutz ass eng Mutz mat zwee Schëlter (cornua) entstanen déi ugangs riets a lénks gedroe goufen an duerno vir an hannen. Déi selwecht Form wéi hautdesdaags huet d'Mitra zanter dem 11. Joerhonnert, an der Kierch (ausser der Orthodoxie). D'bannescht Fudder ass ëmmer nach grad wéi dat vun enger Mutz. Vir an hanne gëtt dat vu méi festem Stoff ëmfaasst, deen no uewe spatz zouleeft. Hannen hänken zwee Bännercher, déi sougenannt Infuln, bis an den éischten Drëttel vum Réck erof.

Thumb
Evolutioun vun der Form vun der Mitra am Laf vun der Zäit

An der orthodoxer Kierch ass eng Mitra eng héich bombéiert Mutz un där hannen e Stéck Stoff erofhänkt.

Thumb
Mitra aus der orthodoxer Kierch
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Mitres – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads