Monochloromethan
cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Monochloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CH3Cl. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivatsprodukte vum Methan.
Remove ads
Physikalesch Eegenschaften
Monochloromethan ass e Gas, deen zu enger Flëssegkeet ka kompriméiert ginn. En huet keng Faarf a richt no Ether.
Hierstellung
Monochloromethan entsteet beim Erhëtze vu Chlor a Methan op 400–500 °C. Bei dëser Temperatur kënnt et zu enger gradueller Substitutioun vum Waasserstoff duerch de Chlor:
- (Monochloromethan)
- (Dichloromethan)
- (Trichloromethan)
- (Tetrachloromethan)
D'Resultat vum Prozess ass e Gemësch vun deene véier Zorte vu Chloromethan, déi duerch Destillatioun getrennt kënne ginn.
Technesch gëtt Monochloromethan duerch eng Reaktioun tëscht dem Methanol an dem Waasserstoffchlorid gewonnen:
Remove ads
Uwendung
Fréier ass Monochloromethan als Narkosemëttel benotzt ginn. An der Industrie gëtt Monochloromethan als Léisungsmëttel benotzt. E gëtt och als Kill- an Dreiwmëttel gebraucht. Fir Silikonen hierzestellen, gëtt en als Methyléierungsmëttel geholl. E soll a loftdichte Behältere gelagert ginn.
An der organescher Chimie ass Monochlormethan en Zwëscheprodukt fir aner Substanzen ze produzéieren.
Auswierkungen op d'Gesondheet
Wann ee gréisser Quantitéite vun den Dämp vum Monochloromethan chronesch oder punktuell anotemt, dauchen d'Vergëftungssymptomer dacks no e puer Stonnen op. Dat sinn ënner aneren Dronkenheet, Bauchwéi, Kappwéi, Siichtstéierungen a se kënne bis zum Koma oder zum Doud féieren. Niere-, Liewer- a Gehierschied sinn och méiglech.
Literatur
- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads