Moundreebou

Reebou deen duerch d'Moundliicht entsteet From Wikipedia, the free encyclopedia

Moundreebou
Remove ads

E Moundreebou ass e Reebou, deen duerch d'Moundliicht entsteet. Moundreebéi sinn, well de Vollmound 470.000 mol méi schwaach ass wéi d'Sonn, liichtschwaach a besonnesch wéinst der Liichtverschmotzung schwéier ze gesinn. Si erschéngen dem mënschlechen A duerch hir Liichtschwächt wäiss, well bei dem Nuetskucken keng Faarwe festgestallt ginn. Op Fotoen, opgeholl mat laanger Beliichtungszäit oder mat héijer Liichtempfindlechkeet, si Moundreebéi faarweg (kuckt Biller ënnen).

Moundreebéi gi ganz rar observéiert, well d'Hellegkeet vun enger Moundséchel net fir e Moundreebou ausreecht. Nëmme bei Vollmound an a verschiddene Nuechte vir oder nom Vollmound ass genuch Hellegkeet do.

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads