Munich

Film vum Steven Spielberg (2005) From Wikipedia, the free encyclopedia

Munich
Remove ads

Munich ass en US-amerikanesche Film vum Steven Spielberg aus dem Joer 2005.

op ee Bléck Film, Produktiounsland ...
Remove ads

Ëm wat geet et am Film?

Bei den Olympesche Spiller 1972 zu München hunn arabesch Terroristen zwielef israeelesch Sportler als Geisele geholl. Wéi déi däitsch Police um Fluchhafe vu Fürstenfeldbruck eng Beifreiungsaktioun starte wollt hunn d'Terroristen all d'Sportler massakréiert. Sou wäit déi bekannt historesch Fakten.

Elo fänkt d'Fiktioun an och den eigentleche Film un. Déi deemoleg israeelesch Presidentin Golda Meir wëll d'Käpp vum Schwaarze September net ongestrooft dovukomme loossen. Eng inoffiziell Mossad-Ekipp gëtt zesummegesat mam Optrag 11 Masterminds z'eliminéiren. Deen op der internationaler Bün nach onbekannte klengen Agent Avner soll d'Operatioun leeden. Den Avner huet näischt vum falsche Glamour vun engem James Bond: en ass bestuet, seng Fra erwaart an en huet Angscht fir seng Famill.

Am Laf vum Film street de Spielberg ëmmer nees Zeenen a Gespréicher an, déi souwuel de Spectateur wéi och d'Protagoniste selwer zum Nodenke brénge sollen. Sou gëtt eng Parallel gezunn tëscht de Geheimagenten an den Terroristen (béid kämpfe fir eng Heemecht an hir Famill) an Zweiwel kommen op um Sënn vun der Missioun (firwat Terroristeféirer liquidéiere wann an hir Plaz direkt neier kommen, déi nach méi grausam agéieren; Gewalt produzéiert Géigegewalt).

Dozou kënnt nach datt dem Avner seng Ekipp schlussendlech selwer an d'Viséier vu Killer kënnt.

Remove ads

De Film an der Kritik

De Spielberg, deen u sech iwwer all Verdacht vun Antisemitismus steet, gouf fir dëse Film staark vun israeelesche Kritiker attackéiert, well e versicht huet all Konturen tëscht Gutt a Béis ze verwëschen a ganz wäertfräi op d'Mënsche blécke wollt déi um Geschäft mam Doud bedeelegt sinn. Um Enn gesäit een dann och d'Skyline vu Manhattan, zu där deemools nach de World Trade Center gehéiert huet - eng kloer Uspillung op den haitegen Ëmgank vun den USA mat Terroristen.

De Film gëtt awer trotz allem eng kleng Upak fir eng objektiv Wäertung, déi de Personnage vum Ephraim ausschwätzt: "Ech schneide mer jo och ëmmer erëm meng Fangerneel, obwuel ech weess datt se nees nowuessen." En plus ass den Ënnerscheed wuel ersiichtlech: de Mossad schalt just geziilt eenzel Topleit vum Schwarze September aus, wärend d'Terroriste meeschtens Onschëlleger a méiglechst groussen Zuelen an d'Viséier huelen.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads