BC Musel Pikes
lëtzebuergesche Basketballclub From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
BC Musel Pikes ass e lëtzebuergesche Basketballclub vun der Musel. En ass am Joer 2000 gegrënnt ginn.

Geschicht
1937 ass zu Ohn de Veräin BBC Palma Ahn gegrënnt ginn an 1967 zu Stadbriedemes d'Ecluse Stadtbriedemes. 1976 dunn ass de Veräin Rief Remich aus der Dammenekipp vun der Ecluse Stadtbredimus ervirgaangen. De Stadbriedemesser Club an de Réimecher Club sinn am Joer 2000 fusionéiert an hunn den Numm Musel Pikes ugeholl. Véier Joer drop ass dunn och Palma Ohn an deem Veräin opgaangen.
D'Dammenekipp vun de Musel Pikes waren 2005, 2010, 2011, 2013 an 2014 Champion, a si hunn d'Coupe de Luxembourg 2007, 2008, 2010 an 2013 gewonnen. D'Hären hunn d'Coupe 2004 gewonnen.
D'Musel Pikes spillen an de Sportshalen zu Réimech, Dräibuer a Stadbriedemes.
Remove ads
Palmarès
Hären
- 1x Gewënner vun der Coupe de Luxembourg (2004)
Dammen
- 5x Gewënner vun der Landesmeeschterschaft (2005, 2010, 2011, 2013, 2014)
- 4x Gewënner vun der Coupe de Luxembourg (2007, 2008, 2010, 2013)
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
