Nanzeg

franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Nanzeg (fr: Nancy) ass eng Stad a Gemeng a Frankräich. Si läit am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est. Si huet 105 830 Awunner (2002) an eng Fläch vu 15,01 km²

Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
Panorama vum Zentrum vun Nanzeg
Remove ads

Etymologie

Den Numm ass vu gallo-réimeschem Urspronk. E Geldstéck, op deem Nantiaco geschriwwe stoung, gouf eemol fonnt. Zwar fänkt d'Geschicht vun Nanzeg mat dem Bau vun enger klenger Buerg vum Herzog Gerhard vun Elsass 1069 un. D'Wuert Nanceium kann op alen Dokumenter gelies ginn; deen Numm ass eng Latiniséierung vum fréieren Numm, déi och d'lëtzebuergfränkescht Nanzeg erginn huet, wéi d'Aussprooch et nach beweist ("Nanzéger" = "Nanzéjer").

Nanceium ass d'Latiniséierung vum Wuert nance wat op Keltesch souvill wéi Supp bedeit. Nanzeg läit nämlech um lénksen Uwänner vun der Meurthe, an engem Fiichtgebitt.[1],[2]

Remove ads

Geschicht

Nanzeg gouf vum Matthäus II. zur Haaptstad vum Herzogtum Loutrengen erhuewen. De burgundeschen Herzog Karel de Kénge koum 1477 virun him ëm d'Liewen, wéi en ëmsoss d'Stad géint den Herzog Renatus II. (René) belagert huet.
Den Herzog Karel III. huet 1588 méi eng grouss "Nei Stad" opriichte gelooss.
Nanzeg huet vill ënner dem Drëssegjärege Krich gelidden, d'Stad gouf vun de Fransouse belagert, déi schliisslech hir Festungsmaueren zerstéiert hunn.
De leschten Herzog vu Loutrengen, de Stanislas Leszczynski, deen och fréiere Kinnek vu Polen war, krut do groussaarteg Monumenter gebaut, dorënner d'Plaz déi haut säin Numm huet.

Nanzég ass 1777 franséisch ginn.
Ëm d'Joer 1900 war Nanzeg den Zentrum vun enger wichteger artistescher Beweegung, déi dowéinst École de Nancy heescht.

Thumb
Déi bekannt Place Stanislas (1914)
Thumb
Place Stanislas haut
Remove ads

Educatioun

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Nanzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Jean Cayon (1810-1865), Histoire physique, civile, morale et politique de Nancy, ancienne capitale de la Lorraine. ISBN 978-0656634347
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads