Nicolas Sarkozy
franséische Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Nicolas Sarkozy (mam ganzen Numm Nicolas, Paul, Stéphane Sarközy de Nagy-Bocsa), gebuer den 28. Januar 1955 am 17. Arrondissement vu Paräis, ass e franséische Politiker. Hie war vun 2007 bis 2012 President vun der Republik Frankräich a Coprënz vun Andorra.
Remove ads
Politesch Karriär
Lokal- a Regionalpolitiker
Den Nicolas Sarkozy huet seng politesch Karriär als Lokalpolitker 1977 als Gemengerot vun Neuilly-sur-Seine ugefaangen, wou hien dunn och vum 29. Abrëll 1983 bis de 7. Mee 2002 Buergermeeschter war. Vun 1986 bis 1988 war hie Vizepresident a vun 2004 bis 2007 President vum Departementsrot vun den Hauts-de-Seine. Vun 1983 bis 1988 war en am Regionalrot fir d'Île-de-France
Politiker op nationalem Plang
Tëscht 1988 an 2005 war hien Deputéierten an der Nationalversammlung a vum 20. Juli bis de 14. September 1999 Europadeputéierten an e puermol Minister (Budget- a Communicatiounsminister, Inneminister, Wirtschafts-, Finanz- an Industrieminister...) ënner de Presidente François Mitterrand (Cohabitatiounsregierung Édouard Balladur) a Jacques Chirac. Hie war, éier e Staatspresident gouf, och President vun der UMP.
Bei de Presidentschaftswalen 2007 ass hien de 6. Mee mat 53,06 % vun de Stëmmen zum President vu Frankräich gewielt ginn. Seng Kontrahentin am 2. Tour, d'Ségolène Royal, krut der 46,94 %.
2012 war hie Kandidat fir erëmgewielt ze ginn, huet d'Walen awer de 6. Mee géint de Sozialist François Hollande verluer.
2014 ass hien erëm President vun der UMP ginn a konnt am Mee 2015 eng Ännerung vum Numm vun der Partei an D'Republikaner (Les Républicains) duerchsetzen.
Remove ads
Famill
Den Nicolas Sarkozy huet ungaresch Wuerzelen op sengem Papp senger Säit a gemëscht griichesch-franséisch Originnen op der Säit vu senger Mamm (de Papp vu senger Mamm, den Dr. Mallah, war e Judd, dee vun Thessaloniki a Frankräich agewandert war).
Den Nicolas Sarkozy, dee sech zum Katholizismus bekennt, ass dräimol bestuet ginn, fir d'lescht mat der Carla Bruni, an huet véier Kanner.
Auszeechnungen
Am November 2019 krut den Nicolas Sarkozy de Prix Edgar-Faure fir säi Buch Passions an deem en opriichteg, riichteraus a mat engem bestëmmte Recul säi politesche Parcours beschreift.
Publikatiounen (Auswiel)
- Georges Mandel: le moine de la politique (eng politesch Biographie); Paräis, 1994.
- Libre; Paräis (Robert Laffont & Fixot), 2001.
- Ensemble; Paräis (XO Éditions), 2007.
- Un traité pour l'Europe; Paräis (Dalloz), 2008.
- La France pour la vie; Paräis (Plon), 2016.
- Tout pour la France; Paräis (Plon), 2016.
- Passions; Paräis (Éditions de l'Observatoire), 2019.
- Le temps des tempêtes; 1. Band; Paräis (Éd. de l'Observatoire), 2020; 528 Säiten.
Remove ads
Literatur
- Thierry Desjardins, Galipettes et cabrioles à l'Élysée; Paräis (Fayard), 2008.
- Samir Naïr, Un détournement - Nicolas Sarkozy et la "politique de civilisation" ; Paräis (Gallimard), 2008.
- Jean-Marie Rouart (de l'Acad. fr.), Devoir d'insolence; Paräis (Grasset), 2008.
Um Spaweck
![]() |
Commons: Nicolas Sarkozy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads