Norbert Stelmes

lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Komponist a Pianist From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Norbert Stelmes, gebuer de 25. Mee 1915 zu Ëlwen, a gestuerwen de 6. Juni 1986 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Lycéesprofesser, Komponist a Pianist. Hien huet Mathematik- a Physik enseignéiert, ë. a. am Lycée Robert-Schuman, wou hien de 27. Oktober 1945 seng Nominatioun krut.

Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hien huet Marschen, Lidder, Chansonsen a Filmmusek komponéiert a Gedichter vertount, ë. a. vum Rainer Maria Rilke.

1946 huet hien d'Jeunesses musicales Luxembourg mat gegrënnt a war och hiren éischte President.

Den Norbert Stelmes huet d'Initiative fir d'Opriichte vum Monument zu Éiere vum Joseph Kutter (1969) an der Stad Lëtzebuerg an d'Wee geleet.

Remove ads

Kompositiounen

  • Letztes Glück, 1938
  • Marche de la Foire internationale, 1954
  • Impromptu en mi bémol mineur, 1956
  • Elegie, 1958
  • Comme une balade, 1984
  • Valse triste, 1984

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads