Noutstall

From Wikipedia, the free encyclopedia

Noutstall
Remove ads

En Noutstall ass eng Konstruktioun, déi fréier op Bauerenhäff, a bei engem Houfschmadd am Gebrauch war.

Thumb
Noutstall um Buerghaff

En huet dozou gedéngt fir grouss Béischte wéi Päerd oder Ranner anzespäre wa se beschloe goufen, dat heescht wa se Houfeisen opgesat kruten, oder fir d'Kloen ze botzen an zeréckzeschneiden.

Dofir ware laanscht d'Säiteverstriewunge Réng oder Ketten ubruecht fir de Fouss vum Béischt festzehalen. Hannen um Noutstall war eng déck hëlzen oder eise Stang wou dem Päerd seng hënnescht Houf beim Beschloe konnten dropgeluecht ginn.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Noutställ – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads