Offre publique d'achat

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Eng OP oder OPA, Offre publique (d'achat), ass en ëffentlechen Appell un d'Aktionären, hir Titele vun enger Aktiegesellschaft ofzetrieden.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Sou een Appell muss, fir zougelooss ze ginn, a gewësse Formen a Konditioune geschéien. Si sinn an de meeschte Länner gesetzlech festgeluecht, normalerweis, wéi zu Lëtzebuerg, duerch d'Bankenopsiicht. Duerch sou eng Operatioun versichen Aktionären oder aner Gesellschaften hiren Undeel um Kapital vun deene viséierte Gesellschaften opzebesseren, oder d'Kontroll driwwer z'iwwerhuelen. Et gëtt:

  • frëndlech OP- oder OPAen a
  • feindlech OP- oder OPAen.

Déi eng hunn d'Zoustëmmung vum Management vun der betraffer Gesellschaft, déi aner net.

Remove ads

Kategorië vun OPen (Ëffentlechen Offeren)

Et gëtt follgend Kategorië vun OPen vun deenen d'OPA e spezielle Fall ass:

  • OPA: offre publique d'achat (Offer mat Bezuelung a bor)
  • OPE: offre publique d'échange (Offer mat Austausch vun Titeren)
  • OPR: offre publique de retrait (Am Uschloss un eng OPA oder eng OPE)
  • OPV: offre publique de vente (Verkafsoffer gefollegt vun enger Introductioun op der Bourse)
  • OPO: offre publique à prix ouvert (De Präis bleift op)
  • OPF: offre à prix fixe (Offer zu engem feste Präis)
  • OPM: offre à prix minimum oder nach offre publique mixte (Kominatioun vun OPA an OPE , mat enger Offer vun aner Titeren an Ausbezuelen a bor, oder d'Wiel tëscht den zwou Méiglechkeeten)
Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads