Ofschlossdäich
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Ofschlossdäich (Hollännesch: Afsluitdijk) ass e groussen, 32 Kilometer laangen Däich an Holland deen tëscht 1927 an 1933 gebaut gouf. E verbënnt Wieringen an der Provënz Nordholland mat Súdwest-Fryslân an der Provënz Frisland. Et ass dat gréisst Bauwierk vun den Aarbechten an der Zuiderzee, déi ënner dem Waasserbauingenieur Cornelis Lely deen déizäit och Transport- a Waasserbauminister war, realiséiert goufen.
Mam Bau vum Däich gouf d'Zuiderzee, e fréiere Golf am Nordmier, vun dësem ofgetrennt, an huet sech an e Séisswaasserséi verwandelt, deen ewell IJsselmeer heescht.
Remove ads
Iwwer den Däich geet eng Strooss, déi an den 1970er Joren als Autobunn Rijksweg 7 ausgebaut gouf (andeems d'Plaz geholl gouf, déi fir eng Eisebunnslinn reservéiert war, déi awer net gebaut gouf). D'Autobunn geet iwwer véier Dréibrécken, déi de Verkéier ënnerbriechen, wa Schëffer duerch Schleise vum IJselmeer an d'Nordmier (oder ëmgedréint) fueren.
- Vue no Nordosten : lénks d'Nordmier, riets d'IJsselmeer (2016)
- Vue no Südwest : lénks d'IJsselmeer, riets d'Nordmier (2007)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads