Oktalsystem

Stellewäertsystem mat der Basis 8 From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Oktalsystem (vum laténgeschen octo "aacht"), och alt Aachtersystem genannt, ass e Stellewäertsystem mat der Basis 8. E besteet aus aacht verschidden Ziffere fir Zuelen duerzestellen: 0, 1, 2, 3, 4, 5, 6 a 7.

Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dezimalzuelen
0 bis 24
am Oktalsystem
0 - Null:0
1 - Eent:1
2 - Zwee:2
3 - Dräi:3
4 - Véier:4
5 - Fënnef:5
6 - Sechs:6
7 - Siwen:7
8 - Aacht:10
9 - Néng:11
10 - Zéng:12
11 - Eelef:13
12 - Zwielef:14
13 - Dräizéng:15
14 -Véierzéng:16
15 - Fofzéng:17
16 - Siechzéng:20
17 - Siwwenzéng:21
18 - Uechtzéng:22
19 - Nonzéng:23
20 - Zwanzeg:24
21 - Eenanzwanzeg:25
22 - Zweeanzwanzeg:26
23 - Dräianzwanzeg:27
24 - Véieranzwanzeg:30

D'Originne vum System gi bis an d'17. Joerhonnert a Schweden zeréck; als méiglech Auteure kommen de Kinnek Karl XII., de Wëssenschaftler Emanuel Swedenborg oder den Erfinder Christopher Polhem a Fro.

Remove ads

Gebrauch

Computertechnik

Oktalzuele goufen an der Computertechnik gebraucht, wéi nach informatesch Wierder mat enger Längt vu 24 Bit Usus waren. Fir déi aktuell gebräichlech Wierder vu 16, 32 a 64 Bit ass den Hexadezimalsystem besser.

A verschiddene Programméiersproochen (zum Beispill C, Java, Phython 2.x) gëtt eng Oktalzuel mat enger Null als Prefix duergestallt. 

An de UNIX-aartege Betribssystemer ginn d'Rechter, fir op e Fichier zouzegräifen, oktal ofgespäichert. Op e Fichier mat de Rechter 0777 kann all User zougräifen.

Loftfaart

Am Fonctionnement vun den Transpondere gëtt den Oktalsystem gebraucht: de Code (Squawk) dee vum Transponder zeréckgeschéckt gëtt, ass eng véierstelleg Oktalzuel (0000 bis 7777).

Remove ads

Triviales

  • Am Film Avatar (2009 film) gebrauchen déi ausserierdesch Na'vi den Oktalsystem, well s'op all Hand véier Fangeren hunn.
  • An der Tëleesserie Stargate SG-1 gëtt den Oktalsystem och gebraucht.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads