Ontario

Provënz am Südoste vum Kanada From Wikipedia, the free encyclopedia

Ontario
Remove ads

Den Ontario ass eng Provënz am Südoste vum Kanada. Si ass mat iwwer 12 Millioune bei Wäitem déi Provënz mat de meeschten Awunner, a flächeméisseg nom Québec déi zweetgréisst.

Ontario
Thumb Thumb
Fändel Wopen
Devise: Ut Incepit Fidelis Sic Permanet
("Si huet loyal ugefaangen a bleift loyal")
Thumb
All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad:Toronto
Gréisst Stad:Toronto
Premierminister:Doug Ford (PC)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 4. Plaz
1.076.395 km²
14,7 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 1. Plaz
12.851.821 (2011)
14/km²
Deel vu Kanada ginn:1. Juli 1867
Offiziell Sprooch:Englesch
Zäitzon:UTC-5/-4
Postcode:ON
Remove ads

Geographie

Den Ontario grenzt am Norden un d'Hudson Bay an un d'James Bay, am Westen un d'Provënz Manitoba, am Osten un de Québec an am Süden un d'US-Bundesstaate Minnesota, Michigan, Ohio, Pennsylvania an New York.

D'Südgrenz vum Ontario mat den Vereenegte Staate besteet bal nëmmen aus Séien a Flëss. Vum Lake of the Woods aus leeft se viru laanscht véier vun de fênnef Grousse Séien, (Ieweschte Séi, Huronséi, Erieséi an Ontarioséi) an da laanscht de Sankt-Lorenz-Stroum bei Cornwall. Den Ottawa River mécht zum Deel d'Grenz mat Québec.

Den Ontario kann een an dräi Haaptregiounen andeelen:

  • D'Kanadescht Schëld (Canandian Shield) am Nordwesten an am Zentrum bedeckt ronn d'Hallschent vun der Fläch vun der Provënz. En ass am grousse Ganze wéineg fruchtbar, awer räich u Mineralien a gläichzäiteg och u Flëss a Séien.
  • D'Déifland vun der Hudson Bay am Nordosten, dat suppeg a mat Bëscher bedeckt ass, a wou bal kee wunnt.
  • De fruchtbaren Dall am Süde laanscht déi Grouss Séien an de Sankt-Lorenz-Stroum, wou en temperéiert Klima ass a wou d'Landwirtschaft, d'Industrie an d'Stied konzentréiert sinn. Ronn 75 % vun der Bevëlkerung vum Ontario an ee Véirel vun der Bevëlkerung vu Kanada liewen an der Regioun um westleche Wupp vum Ontarioséi; déi Regioun gëtt Golden Horseshoe (gëllent Houfeisen) genannt.
Thumb
D'Niagarafäll

Et gëtt keng Bierger, mä eng Rëtsch Hiwwelketten, den héchste Punkt vun der Provënz ass mat 693 Meter den Ishpatina Ridge bei Temagami. Den Ontario ass bekannt wéinst sengem Waasserräichtum. Et gëtt do 250.000 Séien¨, an d'Flëss hunn zesummen eng Längt vu méi wéi 100.000 Kilometer. Ganz bekannt sinn d'Niagarafäll. Iwwer de Sankt-Lorenz-Passage kënne Schëffer vum Atlanteschen Ozean bis op Thunder Bay am Nordweste vum Ontario fueren.

Am Ontario gëtt et fënnef Nationalparken: De Bruce-Peninsula-Nationalpark op der Bruce-Hallefinsel beim Huronsee, de Georgian-Bay-Islands-Nationalpark bei der George Bay vum Huronséi, de Point-Pelee-Nationalpark op enger Landzong am Eriesee, de Pukaskwa-Nationalpark nërdlech vum Ieweschte Séi an de Thousand-Islands-Nationalpark an der Regioun Thousand Islands.

Gréisst Stied no Awunnerzuel

Méi Informatiounen Klassement, Stad ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Ontario – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads