Orient-Express

Internationale Laangstreckenzuch From Wikipedia, the free encyclopedia

Orient-Express
Remove ads

Den Orient-Express ass en internationale Laangstreckenzuch (3.186 km) deen de 5. Juni 1883 vun der Compagnie internationale des Wagons-lits op der Streck Paräis-Konstantinopel iwwer München, Wien, Belgrad a Sofia (oder Bukarest), a Betrib geholl gouf.

Thumb
Reklammsplakat

Am Laf vun der Zäit huet d'Streck e puermol geännert, an am Ufank gouf souguer en Deel mam Schëff op der Donau an um Schwaarze Mier gemaach.

Et war den éischte grousse Luxuszuch a séi Ruff besteet nach bis haut. 1919 krut e mam Simplon-Orient-Express Konkurenz op enger méi südlecher Streck an dunn och nach 1926 vum Arlberg-Orient-Express. 1930 gouf seng Streck mam Taurus-Express bis a Klengasien verlängert. An den 1960er Joren huet den Zuch e bësselche vu sengem Luxusstatus agebéisst, mä e fiert nach deeglech d'Streck Paräis-Budapest iwwer München a Wien.

Vun 1982 bis 2005 ass nach e Luxuszuch, de Venedeg-Simplon-Orient-Express, dee vun der brittescher Privatfirma Belmond mat restauréiertem Rullmaterial vu fréier bedriwwe gouf, gelaf.

Thumb
Strecke vum Orient-Express tëscht 1883 an 1914
Thumb
Strecke vum Orient-Express tëscht 1945 an 1962
Remove ads

Kuckt och

  • Ostende-Wien-Express
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads