Osamu Shimomura

japanesche Biocheemiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Osamu Shimomura
Remove ads

Den Osamu Shimomura (japanesch: 下村 脩, Shimomura Osamu), gebuer de 27. August 1928 zu Kyōto, a gestuerwen den 19. Oktober 2018 zu Nagasaki, war e japanesche Biocheemiker.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Zesumme mam Martin Chalfie a mam Roger Tsien krut hien 2008 den Nobelpräis fir Chimie.

Hien huet a Japan Pharmazeutik studéiert an dono op der Universitéit Nagasaki an op där vun Nagoya geschafft. 1960 gouf en zum Dokter an der organescher Chimie promovéiert a goung dono op d'Princeton University, wou en, mat enger klenger Ausnam, bis 1982 bliwwen ass. Vun 1982 bis 2001 war en Honorarprofesser op der Boston University a Fuerscher am Ozeanographeschen Institut vu Woods Hole. No 2001 hat hie säi private Photoprotein Laboratory.

Hien huet um Gebitt vun der Biolumineszenz geschafft, absënns vu Liewewiesen am Mier. Hien huet 1961 d'Protein Aequorin an d'Protein dat gréng fluoreszéiert (GFP) an der Jelliskapp-Aart Aequorea victoria entdeckt an dës Moleküller an de Joren dono erfuerscht. D'GFP-Moleküll léisst sech mat anere Proteinne koppelen, déi net liichten. Domat kënne Wëssenschaftler Prozesser observéieren, déi ee soss net gesi kéint.

Remove ads

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Osamu Shimomura – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads