Otto Braun

däitsche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Otto Braun
Remove ads

Otto Braun, gebuer den 28. Januar 1872 zu Königsberg (haut Kaliningrad) an Ostpreisen, a gestuerwen de 15. Dezember 1955 zu Locarno an der Schwäiz, war en däitsche Politiker (SPD) an der Weimarer Republik.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Als Ministerpresident vum Freistaat Preisen war de Braun staark doru bedeelegt, d'republikanescht "Bollwerk Preußen" an der Weimarer Republik opzebauen. Am Géigesaz zur Räichspolitik geléngt et him a Preisen, eng gréisstendeels stabil Regierung z'etabléieren. A seng Amtszäit fält ënner anerem d'Transformatioun vun der ëffentlecher Verwaltung ënner demokrateschen Aspekter.

De Braun, deen dacks als Rouden Zar vu Preisen bezeechent gouf, ass souwuel en iwwerzeegte sozialen Demokrat wéi och e Preis. Hie bedreift eng resolut an decidéiert Reformpolitik, déi ëmstridden ass, mä ëmmer am Kader vun der Legalitéit bleift. D'Grenze vun all deem ginn him um Enn vun der Weimarer demonstréiert. Nom Preiseschlag an der Muechtergräifung vum Hitler gëtt seng Reformpolitik nämlech séier a grëndlech revidéiert. Dem Braun seng Versich, mat legale Moossnamen dem illegale Virgoen entgéintzetrieden, bleiwe wierkungs- a bedeitungslos.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Otto Braun – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads