Pécs

From Wikipedia, the free encyclopedia

Pécs
Remove ads

Pécs (IPA: [ˈpeːʧ]) ass eng Stad an Ungarn, no bei der Grenz mat Kroatien, um Fouss vun de Mecsek-Bierger. Si huet 139.412 Awunner (Stand 1. Januar 2025)[1] an ass Chef-lieu vum Komitat Baranya. Pécs ass de Sëtz vum Bistum Pécs a vun der Universitéit Pécs.

Séier Fakten Land, Buergermeeschter ...
Thumb
D'Stadhaus
Remove ads

Geschicht

Pécs ass eng vun den eelste Stied an Ungarn a war schonn a virgeschichtlecher Zäit besidelt. Zanter dem 3. Joerhonnert, ënner de Réimer, war Pécs als Sopianae eng wichteg Stad an der Provënz Pannonien. Méi spéit gouf et (lat.) Quinque Ecclesiae ("Fënnef Kierchen") genannt, wouvu sech de spéideren däitschen Numm Fünfkirchen ofleede léisst. Den haitegen Numm gouf eng éischt Kéier 1235 an enger Charta als Pechut (‘Pécser Wee’) ernimmt. 1290 gouf d'Stad Peech genannt. Et gëtt e puer Theorien, wat dat kéint heeschen, mä keng sécher Erklärung.

1367 huet de Kinnek Lajos de Groussen zu Pécs déi éischt ungaresch Universitéit gegrënnt. Vu 1543 bis 1686 huet Pécs zum Osmanesche Räich gehéiert. Aus där Zäit sinn eng ganz Rëtsch Gebaier erhalen.

Remove ads

Kuckeswäertes

  • d'Kathedral (11. Jh.), ëmgebaut am 19. Jh.
  • de Bëschofspalais
  • de Barbakán (Festungsturm)
  • den Nationaltheater (Nemzeti Színház) (1895)
  • d'Moschee Gazi Khassim, zu enger chrëschtlecher Kierch ëmgebaut
  • de Zsolnay-Buer op der Széchenyi-tér, am Jugendstil, mat der typescher Eosin-Glasur
  • d'Moschee vum Pascha Jakowali Hassan, mat hirem 23 Meter héije Minarett.
  • d'Grafkapell vum Baba Idris
  • D'Bad vum Pascha Memi (Törökfürdő; tierkescht Bad)
  • Fréichrëschtleche Kierfecht aus spéitréimescher Zäit mat ausgemoolte Grafkummeren (Unesco-Weltierwen)
  • asw.
Remove ads

Soss

Pécs ass 2010 (mat Essen) Europäesch Kulturhaaptstad.

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads