Partei fir Integral Demokratie

politesch Partei zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Partei fir Integral Demokratie
Remove ads

D'Partei fir Integral Demokratie (PID) ass eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi am Juni 2013 vum Jean Colombera (mat)gegrënnt gouf.[1]

Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Ofkierzung, President ...

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet si eng éischt Kéier, an alle 4 Walbezierker, fir Sëtz am nationale Parlament kandidéiert. Si huet awer kee kritt. Och d'Matmaache bei den Europawalen 2014 huet net genuch Stëmme fir e Sëtz bruecht.

Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 huet d'PID keng Kandidaten opgesat.[2]

Fir d'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet d'PiD zesumme mat der Piratepartei Lëtzebuerg op där hirer Lëscht kandidéiert.[3]

Remove ads

Presidenten

  • 2013-2017: Jean Colombera
  • August-Oktober 2017: Serge Jochheim[4]

Um Spaweck

Referenzen

  1. "De Jean Colombera huet eng nei Partei gegrënnt." RTL.lu - 20.06.2013, 06:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.06.2013, 06:20.
  2. "D'PID geet net mat an d'Gemengewahlen." 100komma7.lu, 13. Jul 2017 - 11:37.
  3. "PID - Demissioun vum President Serge Jochheim." 100komma7.lu, 19. Okt 2017 - 15:26.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads