Parc naturel régional des Ballons des Vosges

From Wikipedia, the free encyclopedia

Parc naturel régional des Ballons des Vosges
Remove ads

De Parc naturel régional des Ballons des Vosges ass e regionalen Naturpark a Frankräich. E gouf am Juni 1989 op Initiativ vun den dräi fréiere Regiounen Elsass, Loutrengen a Franche-Comté gegrënnt a vereent 198 Gemenge(Stand November 2020) mat ronn 240.000 Awunner[1]. Den Naturpark ass 3000 km² grouss a läit a 4 Departementer: Haut-Rhin, Haute-Saône, Vosges an Territoire de Belfort, an domat a an de Regioune Grand Est a Bourgogne-Franche-Comté. D'Administratioun vum Park ass zu Munster.

Thumb
Vue vum Storkenkopf erof
Thumb
Logo
Thumb
Plang
Thumb
Landschaft vum Plateau des Mille Étangs.

Geografesch erstreckt de Park sech iwwer de Süde vum Vogesen-Massiv, den Hautes Vosges, vum Dall vu Sainte-Marie-aux-Mines bis viru Belfort a bis bei Luxeuil-les-Bains. Am Norde geet de Park iwwer an de Parc naturel régional Vosges du Nord. Am Park leie 14 Bierger, Ballons genannt, déi méi wéi 1100 Meter héich sinn.

Remove ads

Landschaft

Héchst Bierger (Ballons):

  • Grand Ballon (1424 m)
  • Hohneck (1363 m)
  • Tanet (1292 m)
  • Petit Ballon (1272 m)
  • Ballon d'Alsace (1247 m)
  • Grand Brézouard (1229 m)
  • Drumont (1223 m)
  • Ballon de Servance (1216 m)
  • Grand Ventron (1204 m)
  • Planche des Belles Filles (1148 m)

De Plateau des Mille Étangs besteet aus Weieren, déi an der leschter Äiszäit entstane sinn an am Nordoste vum Departement Haute-Saône leien.

Fauna a Flora

Patrimoine

Um Spaweck

Referenzen

  1. Le Parc en chiffres Archivéiert den 23.09.2021. Gekuckt de 26.03.2021.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads