Patrika Darbo
US-amerikanesch Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Patrika Darbo, mam Meederchersnumm Patricia Davidson, gebuer de 6. Abrëll 1948 zu Jacksonville a Florida, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.
Si ass zu Atlanta am Bundesstaat Georgia opgewuess, wou si vun hirem Stéifpapp groussgezillt gouf, deen hir gesot huet, si soll kucke fir hir Dreem ze realiséiren, och wann et schwéier wier. Hie selwer, deen nëmmen 1,27 m grouss war, war de perséinleche Sekretär vum Proprietär vun den Atlanta Braves.
D'Patrika Darbo huet zu Statesboro op der Georgia Southern University Theater studéiert, an huet do 1970 hiren Ofschloss gemaach. Duerno huet si nach op der Atlanta School of Drama weider studéiert a sech 1973 mat dem Filmregisseur Rolf Darbo (My science project) bestuet.
Si gouf bekannt als Penny Baker a Step by Step (1992-1993) an als Nancy Wesley an der NBC Seefenoper Days of our Lives vun 1998 bis 2003.
Si spillt och a Reklamme fir BellSouth a wunnt mat hirem Mann an engem Quartier baussent der Stad Atlanta.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Patrika Darbo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
