Patton Tanks

Wikimedia-Homonymiesäit From Wikipedia, the free encyclopedia

Patton Tanks
Remove ads

De Patton Tanks gehéiert zu enger Serie vu schwéieren amerikaneschen Tanksen, déi nom amerikanesche Generol George S. Patton benannt goufen. Den éischte Modell war den M46. Et war eng verbessert Versioun vum M26 Pershing (och bekannt ënner dem Numm: Pershing II), en Tanks deen am Ufank vum Kale Krich am Déngscht war (vun 1949 bis an d'fofzeger Joren). Aner Nato-Alliéiert waren och mam M46 ausgerëscht. En huet den M26 Pershing an den M4 Sherman ersat.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Méi Informatiounen M46 Patton, Allgemeng Donnéeën ...
Remove ads

Entwécklungsgeschicht

Nom Zweete Weltkrich waren déi meescht amerikanesch motoriséiert Unitéiten mat enger Mëschung vun M4 Sherman an M26 Pershing Tanksen ausgerëscht. Am Ufank gouf den M26 als schwéieren Tanks betruecht. Hie gouf awer spéider an d'Kategorie vun de mëttleren Tanksen deklasséiert. Dem M 26, dee mat dem selwechte Motor wéi de méi liichten M4A3 ausstafféiert war, huet et u Motorleeschtung gefeelt an hien hat eng Transmissioun, op déi ee sech net ëmmer verloosse konnt.

M46 Patton

Am Gefecht gouf den M46 a gréisserem Mooss souzesoen ausschliisslech am Koreakrich gebraucht. Do huet et sech erausgestallt, datt hien deem méi liichten nordkoreaneschen T-34-85 iwwerleeë war. Allerdéngs hunn d'M46 nëmme 15% vun den do agesaten amerikaneschen Tanksen ausgemaach. Déi meescht waren M4 Sherman-Tanksen.

Den M46 ass sengersäits weiderentwéckelt ginn:

M47 Patton, M48 Patton

Thumb
M47 Patton
Thumb
M48A1 Patton

Den M47 (Patton I) an M48 (Patton II) goufe vun der amerikanescher Arméi haaptsächlech am Korea- a Vietnamkrich agesat. Déi leescht Ausféierung vun dësen Tanksen, den M48A5, ass an der US Army vum M60 ersat ginn.

M60 Patton

Den M60 Patton war de véierten a leschte mëttleren Tanks an der Patton-Serie vun der amerikanescher Arméi. Den M60 war den Haapttanks, deen am Kale Krich am Déngscht war, mat senge Modeller, déi vun 1960 bis an d'nonzeger Joren agesat goufen.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Patton tank – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads