Peenis

männlecht Geschlechtsorgan From Wikipedia, the free encyclopedia

De Peenis oder Penis, och nach Glidd genannt, ass e primäert Geschlechtsorgan vun de männlechen Déieren (beim Mënsch: de Mann). En déngt wärend dem Sex dem Iwwerdroe vun de Spermien op weiblech Déieren (beim Mënsch: d'Fra) oder Hermaphroditen. Vill Déierenaarten – souwuel Wierbeldéieren wéi och Déieren ouni Wierbelen (Invertebrata) – hunn esou een Organ, awer net all männlecht Déier huet e Peenis.

D'Haaptfunktioun vum Peenis ass et, d'Spermien an de Reproduktiounstrakt vum Partner z'iwwerdroen. Bei de Plazentadéieren iwwerhëlt en zousätzlech d'Funktioun vun der Ausscheedung vum Harn. En ass virun allem bei den Déieren, déi um Land liewen, ausgebilt.

Peenissen ënnerscheede sech staark tëscht den Déierenaarten. D'Déier mam längste Peenis am Verglach zur Kierpergréisst ass d'Intemuschel (Pedunculata); bei de Mamendéieren ass de Blowal mat engem bis zu dräi Meter laange Peenis vir. Bei Insekte gëtt d'Organ, dat de Sperma iwwerdréit, Aedeagus genannt.

De Peenis vum Mënsch

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Peenis vum Mënsch.

De mënschleche Peenis änelt a senger Anatomie a Funktioun dem typesch Peenis vun anere Mamendéieren. A ville Kulture gëtt en als Symbol fir Fruchtbarkeet duergestallt.

Biller

Um Spaweck

 Commons: Peenis – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.