Peter Gabriel

britesche Museker From Wikipedia, the free encyclopedia

Peter Gabriel
Remove ads

De Peter Brian Gabriel, gebuer den 13. Februar 1950 zu Chobham, Surrey, England) ass en englesche Museker a Video-Kënschtler. Hie gouf an de fréien 1970er-Jore bekannt als Frontman a Grënnungsmember vun der Progressive-Rock-Band Genesis.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Nodeem hie sech am Hierscht 1975 vu Genesis gegtrennt hat, huet hien eng Solocarrière ugefaangen, mat där e grousse Succès hat an huet. Seng Musek ass eng Mëschung aus Pop, Rock, New Age, mat däitlechen Aflëss vun der World Music. Hien huet opwänneg a spektakulär realiséiert Video-Clippe gemaach an och seng Livevirstellunge konzeptionell ugeluecht.

De Peter Gabriel engagéiert sech fir Mënscherechter, ënner anerem bei Amnesty International a bei Witness, déi e matgegrënnt huet.

Remove ads

Discographie

Soloalben:

  • Peter Gabriel (genannt "1" oder "Car") (1977)
  • Peter Gabriel (genannt "2" oder "Scratch") (1978)
  • Peter Gabriel (genannt "3" oder "Melt") (1980)
  • Peter Gabriel (genannt "4" oder "Security") (1982)
  • So (1986)
  • Us (1992)
  • Up (2002)
  • Scratch My Blood (2010)
  • New Blood (2011)
  • i/o (2023)

Literatur

  • Spencer Bright: Peter Gabriel, An authorised biography, London 1989.
  • Kai U. Jürgens: Der Fremde in mir. Peter Gabriel 1977-1982. In: AufAbwegen - Magazin für Musik und Kultur Nr. 35, Köln 2005
  • Alexander Kopp: Ein Hit und sein Videoclip: Peter Gabriel's „Digging in the dirt“, in: Gisela Nauck (Hrsg.): Positionen 18 - Beiträge zur Neuen Musik, Berlin 1994, S. 25ff.
  • Silke Riemann: Die Inszenierung von Popmusikern als Popstars in Videoclips: eine Untersuchung anhand der Videoclip-Kompilationen „US“ - Peter Gabriel (1993), „HIStory“ - Michael Jackson (1995) und „Greatest Flix II“ - Queen (1991). Berlin 1998.
  • Jürge Seibold: Peter Gabriel, Rastatt 1991.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Peter Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads