Phil Lynott

From Wikipedia, the free encyclopedia

Phil Lynott
Remove ads

De Philip Parris Lynott, gebuer den 20. August 1949 zu Birmingham an England, a gestuerwen de 4. Januar 1986 zu Salisbury, war Bassist a Sänger an der éischter irescher Rockband, déi international bekannt gouf.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Hien huet ëm 1969 zu Dublin d'Rockband Thin Lizzy gegrënnt. Säi Papp war Brasilianer a seng Mam Irin. 1980 huet de Phil Lynott eng Solocarrière gestart an huet nach am selwechte Joer d'Caroline, d'Duechter vum brittesche Comedian Leslie Crowther, bestuet. Fir d'Gebuert vu senger Duechter huet de Phil d'Lidd Sarah geschriwwen, dat en Hit gouf, geneesou wéi 1982 Yellow Pearl.

De Phil Lynott, a senge leschte Jore staark drogenofhängeg, ass 1986 am Alter vun nëmme 36 Joer un enger Iwwerdosis Heroin an der Infirmerie vu Salisbury an England gestuerwen. Säi Graf ass zu Dublin.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Phil Lynott – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads