Philippe Manternach
lëtzebuergesche Museker an Dirigent From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Philippe Manternach, gebuer de 26. Januar 1845 an der Fiels, a gestuerwen den 21. Januar 1910 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Museker an Dirigent.[1]
Liewen a Karriär [1]
De Philippe Manternach war vun 1862 bis 1865 als Flüttist Member vum Musikcorps vum 9. Infanterie-Regiment zu Den Haag. Dono war en zu Dikrech bis 1871 Klarinettist a spéider Hornist bei der Militärmusek, déi an der Tëschzäit mat där aus der Stad fusionéiert hat.
Vun 1871-1880 war hien Dirigent vun der Philharmonie de Larochette. 1881 huet en d'Direktioun vun der Philharmonescher Gesellschaft vun Ettelbréck iwwerholl. 1881 gouf en do fir déi nächst 30 Joer Gesangsleerer an de Primärschoulen, an zwee Joer drop och an der Akerbauschoul.
Vun 1891 bis 1909 war en Dirigent (fir Instrumentalmusek) an der Union Adolphe.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Ettelbréck eng Strooss no him genannt.[2]
Remove ads
Gielercher
- 1897: Croix de l 'Ordre de mérite militaire et civil
Referenzen
- De Philippe Manternach op musique.uni.lu (nogekuckt: 22.10.2024).
- L9068.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads